Search

You may also like

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad
Neiegkeeten

Den Deconfinement fir d’Kultur an der Stad

Mat enger Villzuel un digitalen Offeren hu kulturell Institutioune wärend

Erfollegräich am Kampf géint d‘Drogekriminalitéit
Neiegkeeten

Erfollegräich am Kampf géint d‘Drogekriminalitéit

Tëscht dem 13. an dem 15. Januar, huet et säitens

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert
Neiegkeeten

Krautmaart: vill Froen an eng Rei Gesetzprojeten evakuéiert

En Dënschdeg war et déi éischt (klassesch) Chamberssëtzung vun der

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

Sou wéi „Commission de Surveillance du Secteur Financier“ (CSSF) an engem Communiqué matgedeelt huet, gëtt den 1.November 2018 ee Verglaichsportal fir Bankfraisen op der Homepage vum CSSF zur Verfügung gestalt.

D’CSSF kënnt soumat de Bestëmmunge vum Gesetz vum 13. Juni 2017 zu de Konten no, ee Gesetz, wat op eng europäesch Direktiv zeréck geet. Domat gëtt endlech och eng Fuerderung vun der ULC erfëllt, déi am Kader vun der Campagne géint iwwerdeiert Bankfraisen op ee schnellt Aféiere vun esou engem Vergläichsinstrument gedrängt huet.

Sou verfüügt zum Beispill de Belsche Verbraucher scho säit Mäerz 2010 iwwert esou een Instrument, wat hinnen op Initiative vum belsche Verbraucherschutzministère offréiert gëtt.

No engem Communiqué vum CSSF erlaabt et de Vergläichssite de Verbraucher op objektiv Aart a Weis, déi vun de vun der CSSF beopsiichtegten Zuelungsdéngschtleeschteren ugewannten Endgelder a Bezuch op déi un de Kont gebonnen typesch Déngschtleeschtungen ze presentéieren.

Am Kloertext heescht dat, datt d’Bankfraisen op de gängege Kontooperatioune vun alle Lëtzebuerger Banken, déi op mannst 25 Filialen am Grand-Duché hunn, kenne mat CSSF-Vergläichsportal ënnerenee verglach ginn. Den ULC fuerdert niewebäi, datt och d’Fraise vun de Banke mat manner wéi 25 Filiale kënfteg iwwert dëse Wee verglach kenne ginn.

Dem ULC geet des Méiglechkeet awer net wäit genuch. Säit der Expertise vum 01. Februar 2017 zum Gesetzesprojet betreffend d’Konten, huet den ULC ausdrécklech gefuerdert, dem Verbraucher eng Simulatioun vun de Fraisen zur Verfügung ze stellen.

Dat erlaabt et dem Verbraucher, nom Beäntwere vun e puer Froen zur individueller Notzung vun de Bankdéngschtleeschtungen a Kontenoperatiounen, eng zum perséinleche Benotzerprofil passend Offer ze fannen. Doriwwer hinaus sollt esou een Internetportal och Informatiounen erdeelen, iwwert d’Modalitéite vun engem eventuelle Bankwiessel.

Dofir fuerdert den ULC nach emol an noer Zukunft d’Vergläichsinstrument vun de Bankfraisen auszebauen.

Matgedeelt vum ULC
Iwwersat vum Shari Pleimelding

Related topics Bank, Bankfraisen, CSSF, ULC, Vergläichsportal
Next post Previous post