Search

You may also like

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!
Kultur Neiegkeeten

D’Buerschenter Schlass ass erëm zougänglech!

No puer Joer Aarbecht konnt den 2. Oktober 2018 d’Buerschenter

Basket-Welt am Trauer
Kultur Neiegkeeten

Basket-Welt am Trauer

Hie war een vun de beschte Basketspiller deen d‘Welt jee

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Wann de „Max“ den „Här“ op d‘Plaz setzt (Kommentar)

Nodeems villeruerts uechtert d‘Land gewësse besser Hären (et ass nach

Dune, endlech och op eisen Ecranen

Dune, endlech och op eisen Ecranen

Dëse Freideg, den 3. September 2021 war d’Weltpremière vun „Dune“ op de Filmfestspiller zu Venedeg. D’Ëffentlechkeet muss sech allerdéngs nach e bësse gedëllegen. D’Verëffentlechung vum Film zu Lëtzebuerg ass fir de 14. September geplangt.

De Regisseur, de Kanadier Denis Villeneuve hat bei der neier Versioun vun Dune vill Schwieregkeeten. Et ass ewell déi drëtt Buchadaptioun vum Frank Herbert sengem Wierk, wat am Joer 1965 op de Maart komm ass. Nom David Lynch senger Verfilmung am Joer 1984 an dem John Harrison senger Mini-Serie aus dem Joer 2020, huet d’Versioun vun 2021 opgrond vum Coronavirus e puer mol vertässelt misse ginn.

Grënn waren ënnert anerem Schwieregkeete bei der Postproduktioun. Mat engem Budget vun iwwer 160 Milliounen Euro ass dem Denis Villeneuve seng Versioun vun Dune soumat ee vun de meescht erwaartste Filmer aus dësem Joer. Bleift ze hoffen, datt d’Filmekipp keng Feeler gemaach huet, et wär schued wann de Film net den Ufuerderunge géing entspriechen. Well wann dat sou ass, ass et méiglech, datt den zweete geplangte Film einfach an en Tirang gestach gëtt!

Den Zeenario vum Film wäert dem David Lynch sengem Dune änelen. An enger ferner Zukunft an der Mënschheet erhält den Herzog Leto Atréides vum Keeser d’Festung vun engem profitabelen a geféierleche Wüüsteplanéit, dem Arrakis. Dëse Planéit gëtt och Dune genannt, hien ass déi eenzeg Quell vun der wäertvoller Substanz „Spice“. Dëst ass eng Drog, déi dat mënschlecht Liewe verlängert, géint Gëfter immun ass a geeschteg Fäegkeeten ubitt. Dës weidere mécht de Spice interstellar Reese méiglech.

Am Cast erliewe mir de Josh Brolin (Les Goonies, No Country for Old Men, Harvey Milk, American Gangster …) an der Roll vum Gurney Halleck, awer och den Timothée Chalamet (Call Me by Your Name, My Beautiful Boy, Un jour de sable zu New York, The King) an d’Rebecca Ferguson (Mission Impossible) an den zwou Haaptrollen. Den Oscar Isaac (Drive, Star Wars), sou wéi d’Charlotte Rampling sinn och dobäi.

Illustratioun: © Warner Brothers

Related topics Denis Villeneuve, Dune, Frank Herbert, Science-Fiction, Warner Brothers
Next post Previous post