Search

You may also like

NATO geréit tëscht d‘Fronten
International Neiegkeeten

NATO geréit tëscht d‘Fronten

Mam Verbuet fir däitsch Deputéiert sech op Konya ze beginn,

Kuerz Notéiert: CETA
International Neiegkeeten

Kuerz Notéiert: CETA

Wann et richteg ass, datt d‘Chamber bis den 3. Abrëll

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima
International Neiegkeeten

Zum Gedenke vun den Affer vun Hiroshima

Peppeng um 6. August… wärend d‘Duerf an de fréie Mueresstonne

An dunn huet et „Bumm“ gemaach

D‘Nordkoreaner hunn, wéi de Chef et annoncéiert huet, de Verbindungsbüro zum Süde gesprengt

An dunn huet et „Bumm“ gemaach

Viru gutt zéng Deeg hat de Kim Jong-Un der südkoreanescher Regierung ugekënnegt, datt wann et net endlech mat deenen onséilege Fluchblieder en Enn huet, géifen d‘Kommunikatiounsweeër tëscht Nord- a Südkorea endgülteg ënnerbrach. Gëschter war et an der Grenzstad Kaesong esouwäit an et huet zolidd geknuppt.

Déi südkoreanesch Noriichtenagence Yonhap huet Biller ausgestraalt, op deenen eng Dampsail, déi vum fréier gemeinsam bedriwwenen Industriepark zu Kaesong géint der Himmel klëmmt. Do huet sech och de „Büro“ befonnt, dee bis gëschter mat dee wichtegste Kommunikatiounswee tëscht den zwou Natioune war. Aktivisten hunn hirersäits de Nordwand als dee „bessere Wee“ gewielt.

Pyongyang huet laang, oft a virun allem vehement déi südkoreanesch Regierung „gebueden“ déi Propagandaaktiounen ze ënnerbannen. Seoul berifft sech sengersäits op demokratesch Rechter a Meenungsfräiheet, a war folgerichteg net an der Lag d‘Verdeele vu Fluchblieder mëttels dem Asaz vu Loftballone seriéis ze verhënneren. Elo ass den totale „communication breakdown“ geschafft.

NordkoreaOch déi nordkoreanesch Noriichtenagence huet sech mat dësem, jo awer éischter symboleschen Akt beschäftegt. Laut KCNA wier d‘Sprengung vum „Büro“ noutwenneg gewiescht, fir der Welt déi ganz Roserei vum nordkoreanesche Vollek virun Aen ze féieren. Déi stänneg Aktioune vun den Aktivisten an den nordkoreanesche Flüchtlinge sollte jo schliisslech zu enger Reaktioun féieren.

Wéi esou eppes ausgesäit ass elo gewosst an den Toun an de vu Pyongyang gesteierte Medien dann och entspriechend „pointéiert“. Nodeems dann de Verbindungsbüro, dank dem Asaz vu Sprengmëttel, ganz erfollegräich ofgerappt ginn ass, huet de stännege Comité vum südkoreanesche Sécherheetsrot sech fir eng Drénglechkeetssëtzung afonnt. Beim „Feind“ uruffe gëtt elo net méi.

Wéi et soll weidergoen

Fir de Südkoreaner ze weisen, datt et sech bei der Sprengung net ëm politescht „Gespills“ handelt, mee et hei ee ganz eescht ze huelenden Dissens ass, huet den nordkoreaneschen Etat-Major nach annoncéiert, datt een nees Zaldoten an déi fréier gemeinsam genotzten Industrie- an Tourismusgebidder verleeë wäert. Zudeem soll et och nees zu Manöver un der Grenz kommen.

Och sollen nees Kontrollposten an de militärescher Pufferzon opgestallt ginn. Dat zumindest huet KCNA am gewinnt martialen Toun esou verkënnt. D‘Agence huet zudeem drop higewisen, datt et zur Verstäerkung vun den Artillerieeenheeten un der westlecher Küstegrenz kënnt. A well een a Südkorea frou mat Loftballonen ass, wëll een dann elo och Fluchblataktiounen organiséieren.

Nordkorea

De Kim Jong-Un an den nordkoreaneschen Etat-Major wëllen dann elo och nees Zaldoten op der Grenz opstellen, Manöver duerchzéien an esouguer nees Kontrollposten an der demilitariséierter Zon ariichten. © KCNA (ArchivFoto)

KCNA zitéiert: „Eng Léisung fir déi géigewäerteg Kris tëscht dem Norden an dem Süden, déi duerch d‘Inkompetenz an d‘Verantwortungslosegkeet vun de südkoreaneschen Autoritéite verursaacht ginn ass, ass ausgeschloss, a kann nëmmen zu Enn gefouert ginn, wann een ugemiessene Präis bezuelt gëtt“. Wat prezis domadder gemengt ass, weess een net, mee et héiert sech eescht un.

Mat der Ëmsetzung vun all dësen Ukënnegungen, sinn dann och all déi bilateral Vereenbarungen aus dem Joer 2018 hifälleg. Deemools hat ee sech op ee Stopp vun de Manöver un der Grenz an op d‘Zerstéierung vun de Kontrollposte bannent der demilitariséierter Zon verstännegt. D‘Suitte vun dësem neien diplomatesche Réckschlag loossen sech den Ament och nach net aschätzen…

mat indymedia/sel

Foto: Et wier wuel och mat eppes manner Sprengmëttel duergaangen, mee et hei muss och den net onwichtege „psychologesche Facteur“ berécksiichtegen. Eigentlech wier et jo och duer gaangen de Kabel duerchzepëtzen, mee wien sollt esou ee Gest beandrocken. © KCNA

Related topics Kim Jong-Un, Kommunikatioun, Loftballonen, Nordkorea, Propaganda, Südkorea
Next post Previous post