Search

You may also like

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt
International Neiegkeeten

Chantier Luxtram: Den Arrêt “Gare Centrale quai 102/103” réckelt

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch de Chantier vum Luxtram

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht
International Neiegkeeten

De Schmunzel – Eng ko(s)mesch Geschicht

Am Kader vun der Ausstellung “Otherworlds” liest de Jhemp Hoscheit

USA: Keng Presidentschaftswahlen am November?
International Neiegkeeten

USA: Keng Presidentschaftswahlen am November?

Eng Desastréis Covid19-Krisegestioun, Protester déi net endege wëllen an eng

Verdacht op illegale Muppentransport: 34 jonk Hënn gerett, zwee Verdächteger festgeholl

No engem Appell vun engem opmierksamen Zeien huet d’Düsseldorfer Police um Dënschdeg Owend ee Gefier mat ungareschem Kennzeechen aus dem Verkéier gezunn, wou de Verdacht op illegale Muppentransport besteet. Ganzer 34 immens geschwächt jonk Hënn goufen a jeeweils 3 iwwerenee gestapelten Transportboxen fonnt.

De Beamten no hunn déi kleng Hënn zimlech apathesch gewierkt, hätte wuel laang näischt ze iessen oder ze drénke kritt. A wéinst de villen Transportboxen op klengstem Raum konnt keng frësch Loft an den Fiat Ducato kommen. Bei de Muppen handelt et sech um franséisch Bulldoggen, Cane Corso a jonk West Highland Terrieren.

Festgeholl goufen de Chauffeur an de Bäichauffeur – 24 an 29 Joer al mat ungarescher Hierkonft. Bei der Duerchsichung vum Gefier huet d’Police dës weideren iwwer 19.000 Euro u Boergeld, Begleetpabeiere vun de Muppen an e Laptop séchergestallt. Géint béid Männer gëtt elo wéinst Verstéiss géint d’Déiereschutzgesetz, Verdacht op Bedruch, Dokumentefälschung a méiglech Steierdelikter ermëttelt.

Ëm déi jonk Muppen huet sech den Déiereterrungsdéngscht an d’Déierenheem vun Düsseldorf gekëmmert. Si wieren nees an engem besseren Zoustand, ginn awer nach vu Veterinären ënnersicht.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie vun der Düsseldorfer Police

Related topics Bedruch, Boergeld, Cane Corso, Déiereschutz, Dokumentefälschung, Franséisch Bulldog, Hond, Illegale Muppentransport, Mupp, Police Düsseldorf, Steierdelikter, Ungarn, West Highland Terrieren
Next post Previous post