D‘Walfer Bicherdeeg sti virun der Dier

No engem Joer Zwangspaus kënne begeeschtert Lieser, Editeuren an all aner Virwëtzeg erëm vu de bekannte Walfer Bicherdeeg profitéieren.

Dës fannen den 20. an 21. November statt. Dobäi läit de Fokus dëst Joer bei de Kanner, der Fantasie, der Zukunft a sou munchem Zauberwuert. No den zwee, nawell haarde Pandemiejoren an dem méintelaange Lockdown, komme mir elo esou lues an een neie Rythmus. Dofir soll sech op eng nei Zukunft an déi richteg Froen dozou agestallt ginn. Zemools déi jénger Generatioun sollt sech mat dëse Froe beschäftegen, esou sinn si dach d‘Zukunft vu muer. Et ass wichteg net nëmmen ze dreemen, mee och sou munches fir d‘Realisatioun ze woen. A wou fënnt een d‘Äntwert, wann net an der Kannerliteratur – déi bekanntlech keng Grenzen huet?

Selbstverständlech stinn dës zwee magesch Deeg ënnert dem CovidCheck, d‘Droe vum Maskeschutz ass an de Raimlechkeete Flicht. Ma dofir erwaart Iech, dëst Joer déi éischte Kéier ee klenge Food Village – fir Iessen, Drénken an d‘Posche voller Bicher ass sécher gesuergt. E Bicherbus vun der Nationalbibliothéik steet och zur Verfügung, ma do kann ee wierklech gespaant sinn.

Méi laang Ëffnungszäite suergen dofir, datt de Lieser sech net ze vill stresse muss an a Rou all Moment genéisse kann. Nieft den ënnerschiddleche Liesungen a Workshoppen, lount et sech nawell bei all Stand an der Hal 2 stoen ze bleiwen – déi Lëtzebuerger Literaturwelt, genannt Luxemburgensia verëffentlecht allerlee Schéinheeten, déi duerch den internationale Bichermaart leider dacks iwwersinn ginn. Dat kann een änneren. Ma et versprécht ee villverspriechende Weekend ze ginn.

Déi offiziell Erëffnung ass iwwregens den 18. November bei der Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis. Dëse besteet aus 3 Kategorien (Literatur, Kanner- a Jugendbicher, Sachbuch a Bildband). Dobäi wielt de Jury, wéi och de Publique déi bescht Geschichten eraus. Wien ass da wuel dëst Joer de Gewënner a Meeschter iwwert d’Wierder? Fir dat gewuer ze ginn, musse mir nach e wéineg Gedold hunn.

Eent ass sécher, fir deen een oder anere Bicherwuerm wäert sech de Besuch zu Walfer esou ufille, ewéi wann Chrëschtdag an Ouschteren openee gefall wär.

Weider Informatiounen zum Programm, de Liesungen an den ënnerschiddleche Workshoppe fannt Dir hei.

Illustratioun: Ergita Sela/unsplash

Dernières nouvelles