Search

You may also like

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger
Kultur Neiegkeeten

Outreach Youth Work probéiert d’Jugendaarbechtslosegkeet ze bekämpfen a feiert éischt Erfolleger

Et ass e Projet, deen sech eppes Schwéieres virgeholl huet.

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
Kultur Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss
Kultur Neiegkeeten

Diskussioun iwwer Legalitéit vun der privater Sécherheetsiwwerwaachung am ëffentleche Raum net zougelooss

Am Kader vun enger urgent gestallten Fro vun den 3

Eis Haaptstad huet d‘Wanter-Luuchten ugemaach

Wiem et nach net sollt opgefall sinn, dee kënnt elo beim beschte Wëllen net méi derlaanscht. Datt den Zinniklos schonn um Tour ass, dat war wuel gewosst, mee elo geet mat grousse Schrëtt op Chrëschtdag duer. An eiser schéiner Haaptstad gouf da gëschter och de „Winterlights 2019“ mat direkt véier „Mäert“ lancéiert.

An et ass nees verréckt: laut de virleienden Zuelen, sinn eng 446 beliichten Dekoratiounen, 261 Dännebeem, 37 opgehaangen a 36 opgestallten Dekore fir de Public bereetgestallt ginn. Dozou kommen e sëllechen Animatiounen an eng hell Wull u Mäert, déi alle esou hir Eegenaarten hunn, firwat et absolut flott an ermonterend ass, sech en Tour duerch eis schéin Haaptstad ze gënnen.

Um Donneschdeg goufe mat vill Gedauschs an a beschter Stëmmung vum Stater Schäfferot an enger Rei Honoratioren direkt véier dëser Mäert (de Niklosmaart an der Stroossbuerger-Strooss, d‘Äispist um Knuedler, de Chrëschtmaart op der Plëss an de Wantermaart bei der Gëlle Fra) offiziell erëffent. Datt alles mat engem leckere stéck Stollen, waarme Käschten a Glühwäin.

Bis Joresenn ass also eppes weider lass, an de Programm léisst kaum Wënsch oppen. Egal op een ee Krappert oder eng Knetzel, Jonk oder Al ass, hei gouf kee vergiess. Et ass een allerdéngs gutt beroden den ëffentlechen Transport ze notzen, well d‘Chantieren nach ëmmer eppes Drock op den Individualverkéier maachen. Ganz ofgesinn dovunner datt et super praktesch ass..

mam Shari Pleimelding

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu & © Shari Pleimelding/moien.lu

Interessant Säiten: Winterlights2019D‘Stad Lëtzebuerg

Related topics Chrëschtmaart, Dundu, Niklosmaart, Stad Lëtzebuerg, VDL, Wanter Maart, Winterlights 2019
Next post Previous post