Search

You may also like

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
Meenung Neiegkeeten

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

Police: Wann et engem awer och presséiert…
Meenung Neiegkeeten

Police: Wann et engem awer och presséiert…

Déi e Freidegowend grouss ugeluechte Verkéierskontroll op der A7 Héicht

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn
Meenung Neiegkeeten

Keng Léieren aus der Fukushima-Katastroph gezunn

No der Atomkatastroph vum 11. Mäerz 2011 zu Fukushima (Japan),

Editorial: D‘Welt ass faarweg… hir Sproochen och

Editorial: D‘Welt ass faarweg… hir Sproochen och

Wat hu mir zu Lëtzebuerg awer och Suergen. Ëmmer erëm gräift een den angebleche Problem mat de Sproochen zu Lëtzebuerg op, an d‘Ziler derhannert hu seelen eppes mam Erhalt, der Fleeg oder der Fërderung vum lëtzebuergeschen, eigentlech e muselfränkeschen Dialekt, ze dinn. Am Land liewe wäit iwwer 120 Nationalitéiten, an ob lëtzebuergesch jeemools an de Verwaltungen Anzuch erhalen hätt, wann et net d‘Gesetz vum 24. Februar 1984 ginn hätt, ass wuel éischter ze verneenen.

Och déi oft zum Ausdrock bruechten Angscht vun der Iwwerfriemung, ass wéineg fundéiert, et sief et hätt een eppes populistesch-nationalistesch Usiichten. Zudeem dierf ee behaapten, datt et vill mat Gléck oder Pech ze dinn hat, datt eis Sproch net Däitsch oder Franséisch ass. Woubäi Spuenesch jo och nach, bezunn op d‘Besatzer déi sech an der Festungsstad iwwert ee „längeren Zäitraum“ breet gemaach haten, méiglech gewiescht wier. An den Afloss vun den Nopere spillt och eng grouss Roll.

Zanter der Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG), aus där dann d‘EU entstanen ass, misst et eigentlech jidderengem an d‘Blutt iwwergaange sinn, datt sech nëmme mat anere verdréit, wat déi aner och versteet. De Wee zum soziale Fridde féiert bekannt iwwer déi oft genannt sozial Kohäsioun, an déi ass wierklech nëmmen da méiglech, wa mir eis Differenzen als Chance an net als Bedreeung erkennen. An do dat franséischt wëllen a Fro ze stellen, ee Feeler.

Déi wirtschaftlech Entwécklung vum Agrarland zu engem industrielle Schwéiergewiicht – och wa mir dëse Secteur friemen Hänn uvertraut hunn – wier ouni déi sproochlech Flexibilitéit net zu eisem Virdeel gelongen. Dëse Constat kann ee bis hinn zur Finanzplaz Lëtzebuerg zéien. An datt et och soss net wierklech wichteg ass, erkennt un de Stroosseschëlter an den Uertschaftsnimm. Et brauch – och wann et do sollt Ausnamen hunn – keng wirtschaftlecht Aktivitéit déi Lëtzebuerger Sprooch.

Als Lëtzebuerger sollt ee sech manner doriwwer opreegen, datt „déi aner“ kee lëtzebuergesch wëlle schwätzen, wéi de grousse Virdeel genéissen, mindestens dräisproocheg opzewuessen. Et ass dann och nach esou, datt et regional Ënnerscheeder huet. Den Zentrum, de Süden an de Zoch laanscht déi belsch Grenz ass wuel méi frankophon, wäre Musel, Sauer an Our nees déi däitsch Sprooch méi an de Virdergrond stellen. Net ëmmer, awer wuel meeschtens aus bekannte wirtschaftleche Grënn.

Et ass folgerichteg domm a geféierlech ee Sproochekrich féieren ze wëllen, an dësen dann och nach grad op dat franséischt ze konzentréieren. Ouni déi frankophon Mënschen am Gesondheetssecteur wiere mir ugeschass… an dat gëllt eigentlech fir ganz vill Secteuren: Handel, Horesca, Bau an och Transport. Zudeem si mir op d‘Investitiounen aus dem Ausland ugewisen, a wuel och frou datt vill Entreprisen (aus Grënn) sech zu Lëtzebuerg néierloossen. En Dialekt ass do net esou fërderlech.

Och d‘Fuerderung dat „lëtzebuergescht“ der Europäescher Unioun wëllen opzezwéngen ass éischter Kontraproduktiv. Et gëtt vun der EU alles op däitsch, franséisch an englesch (Sproochen deenen de Lëtzebuerger sollt an der Schoul begéint sinn) wat beweist, datt een als Lëtzebuerger jo net vun der Informatioun ausgeschloss ass. Et wier besser d‘Sproochevillfalt auszebauen, statt ee géint deen aneren opzebréngen. An datt kee gezwonge gëtt franséisch ze schwätzen, sollt och gewosst sinn.

Illustratioun: © Joshua Coleman / unsplash

Related topics Identitéit, Lëtzebuergesch, Multikulturell, sozial Kohäsioun, Sprooch, Zesummen
Next post Previous post