Search

You may also like

#Relay@Home – D‘Fondation Cancer mat engem hoffnungsvolle Message
Erkläert Fail Neiegkeeten

#Relay@Home – D‘Fondation Cancer mat engem hoffnungsvolle Message

De Evenement „Relais pour la Vie“ verfollegt een Objektiv: de

Editorial: De STATEC beméit net verstanen ze ginn
Erkläert Fail Neiegkeeten

Editorial: De STATEC beméit net verstanen ze ginn

Et sollt een unhuelen dierfen, datt wann ee sech als

Regierungsrot: kuerz zesummegefaasst…
Erkläert Fail Neiegkeeten

Regierungsrot: kuerz zesummegefaasst…

Um Donneschdeg huet de Premier wéi gewinnt de Regierungsrot presidéiert,

dislike

D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert

D’Xavier Naidoo Polemik, erkläert

Die Söhne Mannheims hunn den 20. Mee en Optrëtt an der Rockhal. A während Radio-Senderen an Zeitungen hei am Land Tickete verspillen, gëtt iwwert déi aktuell Polemik ronderëm de Xavier Naidoo kaum geschwat. Mir erklären, wat do lass ass.

Firwat gouf de Xavier Naidoo kritiséiert?

Op mannst zënter 2011 steet de Xavier Naidoo an der Kritik, Verschwierungstheorien ze verbreeden. Sou soll en op engem Hidden Track op der Plack „Gespaltene Persönlichkeit” net nëmmen iwwer Ritualmorden u Kanner sangen, déi anscheinend a ganz Europa geschéien, mee och zu Gewalt opruffen. Déi deemoleg Uklo huet och op Volksverhetzung plaidéiert, mee d’Staatsanwaltschaft huet dat anescht gesinn a keng Ermëttlungen duerchgefouert. Och gouf et e Konflikt mat der Amadeo Antonio Stiftung, wat allerdéngs aussergeriichtlech gekläert ginn ass. Hei gouf et och de Virworf, de Xavier Naidoo wär antisemitesch, verzicht. 

Da wier do nach de berühmte Morgenmagazin-Optrëtt aus dem Joer 2011, wou de Xavier Naidoo Däitschland als en vun den USA besetzt Land bezeechent, dat net fräi ass. Domadder gräift en eng Thees vun de sougenannte Reichsbürger op.

Wourëm geet et an der aktueller Polemik?

Leschten Abrëll koum déi nächst Etapp an dëser Affaire: Mam Lidd „Marionetten“ huet de Xavier Naidoo erëm fir vill Opreegung gesuergt. An de Medien, wéi zum Beispill der Frankfurter Rundschau, gëtt dëst Lidd als eng Ënnerstëtzung vu rietse Verschwierungstheorie bezeechent.

 

Wéi eng Text-Passage gëllen als problematesch?

Virun allem dëse Passage steet an der Kritik a soll en Opruff zur Gewalt enthalen:

Alles nur peinlich und so was nennt sich dann Volksvertreter;

Teile eures Volks – nennt man schon Hoch- beziehungsweise Volksverräter;

Alles wird vergeben, wenn ihr einsichtig seid;

Sonst sorgt der wütende Bauer mit der Forke dafür, dass ihr einsichtig seid;

Mit dem zweiten sieht man besser“

 

E weidere vill zitéierte Passage:

Und etwas namens Pizzagate gibt‘s ja noch auf der Rechnung;

Bei näherer Betrachtung steigert sich doch das Entsetzen;

Und wenn ich nur einen in die Finger bekomme;

Dann zerreiß ich ihn in Fetzen;

Und da hilft auch kein Verstecken hinter Paragraphen und Gesetzen“

Hei gëtt op déi ominéis Pizzagate Affaire verwisen, déi sech als Fake-News eraus gestallt huet, awer am Wahlkampf an den USA genotzt gi war, fir Stëmmung géint d’Hillary Clinton ze maachen. Eng weider Verschwörungstheorie, déi also hei hiren Néierschlag fënnt. Och beim „zerfetzten“ Fanger gëtt an der Press analyséiert, datt et sech ëm en Opruff zur Gewalt handelt.

Wat waren d’Konsequenzen?

2015 gouf d’Kandidatur vum Xavier Naidoo, déi vum Norddeutsche Rundfunk agereecht gi war, erëm zeréck gezunn. Dëst war geschitt, nodeems d’Reaktioun an de Medien an op de sozialen Netzwierker wéi och bei de Redaktere vum NDR enorm kritesch war. Mat Radiowelle Bremen Vier huet sech ufanks Mee vum Sänger distanzéiert an en och net méi sponseren.

Déi aner Säit

Souwuel den Til Schweiger als och aner Kënschtler hu sech an der Vergaangenheet hannert de Xavier Naidoo gestallt. Och Sky1 hält un der Organisatioun vu senge Concerten deel. Nach méi wäit geet den Organisateur Marek Lieberberg, deen eng Anzeig schalte gelooss huet, wou hien sech, zesumme mat 121 Prominenten hannert de Xavier Naidoo gestallt huet. 

An hei zu Lëtzebuerg?

Moien.lu huet d’Rockhal ëm eng Stellungnahm zu der ganzer Saach gebieden. Leider ass bis elo nach keng Reaktioun komm. Soubal dës kënnt, wäert dësen Artikel erweidert ginn.

Wéi Tageblatt bericht, huet d’Facebook-Grupp “Nationaler Widerstand Luxemburg” ugekënnegt, eng Mahnwache fir den Horst Mahler ze halen. Den rietsextreme Holocaustleugner war aus Däitschland geflücht, nëmme fir an Ungarn festgeholl ze ginn. Laut Spiegel.de gouf den Horst Mahler zu zéng Joer Prisong wéinst Volksverhetzung an Leugnung vum Holocaust veruertdeelt. E Screenshot vum Originalmessage:

Foto: Screenshot/Facebook

 

D’Gemeng Esch huet an engem Communiqué matgedeelt, datt d’Autorisatioun fir dës Manifestatioun refuséiert ginn ass. Dëst ass ënnert anerem aus Sécherheetsgrn geschidd.
Gläichzäiteg hunn déi Jonk Lénk eng Géigemanifestatioun ugekënnegt an op Facebook gestallt:

Foto: Screenshot/Facebook

Related topics Jonk Lénk, Musék, Rockhal, Verschwierungstheorien, Xavier Naidoo
Next post Previous post