Search

You may also like

Krautmaart: de Budget ass duerch!
International Neiegkeeten Sport

Krautmaart: de Budget ass duerch!

Et gouf gëschter um Krautmaart nach déi leschten „Interventiounen“ zum

2000 Quadratmeter fir eist Iessen – Deel 2
International Neiegkeeten Sport

2000 Quadratmeter fir eist Iessen – Deel 2

Deelt een hei am Land déi verfügbar landwirtschaftlech Fläch duerch d’Awunnerzuel,

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck
International Neiegkeeten Sport

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

Den Dylan Pereira um Podium vu sengem éischte WEC

Leschte Weekend huet de Lëtzebuerger Pilot säin Ufank am FIA World Endurance Championship mat der britescher Ekipp vun TF Sport gemaach

Den Dylan Pereira um Podium vu sengem éischte WEC

Hannert dem Steierrad vum Aston Martin Vantage, engem neie Gefier un deen hie sech emol als éischt huet misse gewinnen, duerft den Dylan Pereira säin Debut feieren. E positive Punkt war sécherlech de Circuit Spa-Francorchamps, quasi wéi säin Doheem, wou seng Daf vum World Endurance Championship (WEC) stattfonnt huet.

Mat der Qualifikatioun op der éischter Plaz am GTE-AM konnt d’Ekipp vun Aston Martin sech schlussendlech op der zweeter Plaz vu senger Kategorie an der 6-Stonne-Course klasséieren. Generell war et den Toyota, dee vum Sébastien Buemi, Kazuki Nakajima a Brendon Hartley gefuer gouf, dee sech virun en Alpine an en aneren Toyota duerchsetze konnt.

Dës Geleeënheet huet den däitsche Porsche Carrera Cup genotzt, fir seng Saison um Tobbogan vun den Ardennen ze lancéieren. E weidere Lëtzebuerger Pilot huet op der Pist iwwerzeegt: De Carlos Rivas konnt seng Victoire an der Kategorie ProAM feieren. Um 16. Mee steet fir hien zu Oschersleben déi nächst Manche un.

De Lewis Hamilton setzt sech duerch, de Fabio Quartararo brécht zesummen

An der Formel 1 huet den 3. Rendez-vous vun der Saison um Circuit vu Portimao a Portugal stattfonnt. Trotz senger Poleposition huet de Valtteri Bottas (Mercedes) d’Geleeënheet verpasst, dës an eng Victoire ze verwandelen an ass op déi 3. Plaz vum Podium gefall. Säi Coequipier Lewis Hamilton konnt sech virun den Haaptrival Max Verstappen (Red Bull) duerchsetzen.

Am Klassement vum Weltchampionnat huet de siwefache Weltmeeschter esou seng Avance zum hollänneschen Delfin mat elo 69 Punkten géint 61 vergréissert. Op der 3. Plaz fanne mir de Lando Norris (37 Punkten), deen mëttlerweil nees an den Top 5 vun der Algarve ze fannen ass.

Beim MotoGP hat de Fabio Quartararo (Yamaha Factory) gutt ugesat fir am Kader vum Grousse Präis vu Spuenien eng erneit Victoire um Circuit vu Jerez ze erzilen. Mee an der Hallschent vun der Course huet de franséische Pilot ugefaangen Symptome vum faméisen „arm-pump“ um Niveau vum rietsen Ënneraarm ze verspieren.

Och bekannt als Belaaschtungs-Kompartement-Syndrom ginn duerch d’Gräife vum Lenker verschidde Muskelgruppen iwwerbeusprocht an d’Blutt zirkuléiert duerch den Drock net méi richteg an den Ärem. D’Péng huet et him onméiglech gemaach sech no vir ze kämpfen, wouduerch en ëmmer méi an d’Mëtt gerutscht ass a mat enger 13. Plaz ofgeschloss huet.

Dofir konnt awer den Australier Jack Miller (Ducati) seng viru säin Coequipier Pecco Bagnaia an den Italiener Franco Morbidelli (Yamaha Petronas) duerchschloen.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: Dylan Pereira Motorsport / Facebook

Related topics arm-pump, Aston Martin Vantage, Carlos Rivas, Ducati, Dylan Pereira, Fabio Quartararo, Formel 1, Franco Morbidelli, Iwwerbelaaschtung, Jack Miller, Lando Norris, Lewis Hamiltor, Max Verstappen, Mercedes, MotoGP, Pecco Bagnaia, Porsche Carrera Cup Däitschland, Red Bull, Rennsport, Spa-Francorchamps, TF Sport, Valtteri Bottas, World Endurance Championship
Next post Previous post