Search

You may also like

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht
Neiegkeeten

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert.

Mat engem neien Naturschutzgesetz wëll een och dem Mënsch hëllefen
Neiegkeeten

Mat engem neien Naturschutzgesetz wëll een och dem Mënsch hëllefen

Den Naturschutz wier och zugläich Mënscheschutz. Dëst ginn den Henri

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira
Neiegkeeten

Barcelona: Grouss Erausfuerderung fir den Dylan Pereira

No liichte Startschwieregkeeten an de Porsche Carrera Cup Däitschland um

Dyspraxie, een onbekannt Leiden

Dyspraxie, een onbekannt Leiden

Vill Kanner sinn tollpatscheg, ma dat ass awer net ëmmer de Fall. Si geheie Glieser ëm, trëllen iwwert hier eege Féiss, kréien d’Schong net gestréckt an hunn Schwieregkeete Schreifschrëft ze léieren.

Well si fir all Aarbecht méi Zäit brauchen an dobäi och nach onlieserlech schreiwen, ass dat fir d’Schoulpersonal dacks e Grond si als disziplinlos duerzestellen. Oder datt doheem eppes an der Erzéiung falsch leeft. Et gëtt net hannert de Rideau vum Kand gekuckt.

Duerch hier Mëssgeschécker ginn dës Kanner dacks an de Schoule gemobbt. A fir géint de Mobbing virzegoen, krut eng Mamm eemol vun engem Schoulmeeschter gesot: „Ma dann muss e sech einfach besser upassen.“

Vill Üben bréngt näischt a féiert dacks zur Verzweiwlung. Dobäi kënnen psychesch Problemer entstoen, d’Kanner fillen sech wäertlos.

„Ech kann et jo souwisou net. Ech sinn ze domm dofir.“

Heiansdo hu Kanner an dësem Fall Dyspraxie, a bis zu enger Diagnos kann et nawell een laange Wee sinn. Kanner déi vun Dyspraxie betraff sinn, hunn ënnert anerem eng schlecht Hand-Aen-Koordinatioun.

Dobäi sinn si dacks ganz gescheite Käpp – just mat der Ëmsetzung vun ënnerschiddlechen Aufgabe geroden si a Schwieregkeeten. Hei ass et wichteg, hinnen den néidege Schutz unzebidden – si kënnen näischt dofir.

Wann d’Diagnos endlech schwaarz op wäiss um Pabeier steet, ass dat fir vill Elteren eng enorm Erliichtung. Si wëssen, datt d’Kand sech net „domm“ stellt, och d’Schoulpersonal muss deementspriechend opgekläert ginn. D’Kand kann net anescht, dobäi ass et egal wéi vill et sech ustrengt.

Dyspraxie bleift e Liewe laang an ass net heelbar. Mee mat der richteger Therapie, kann een léieren besser domat ëmzegoen. Sech selwer verstoen. Dorausser zéien och d’Elteren een Notzen. Si sollen a kënnen endlech den néidege Versteesdemech opbréngen an akzeptéieren, datt d’Liewen eben esou ass. An zesumme ka géint Dyspraxie gekämpft, sou wéi Ieselsbrécke fir den Alldag fonnt ginn.

Related topics Diagnos, Dyspraxie, Mobbing, Schoul, Therapie, Tollpatsch, Verzweiwlung
Next post Previous post