Search

You may also like

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?
International Neiegkeeten

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

[onionbuzz quiz-id=159][/onionbuzz] Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19.

Dossier Traversini: „STOP corrupt Asbl“ trëtt an Aktioun (Kommentar)
International Neiegkeeten

Dossier Traversini: „STOP corrupt Asbl“ trëtt an Aktioun (Kommentar)

Wat fréier „Transparency International Luxembourg“ war ass haut „STOP corrupt

Plangt d‘Regierung e Staatsstreech?
International Neiegkeeten

Plangt d‘Regierung e Staatsstreech?

„Dat sympathescht Gesiicht täuscht. Hannert dem gewannende Laache verbiergt de

D‘Zäit nom Ida

D‘Zäit nom Ida

Nom Duerchzuch vum éischte schwéieren Tropestuerm vun der nach jonker Hurrikan-Saison, hunn d‘Rettungsdéngschter honnerte Mënschen aus den iwwerschwemmte Gebidder evakuéiert. Am US-Bundesstaat Louisiana a Mississippi goufe bis ewell véier Affer beklot. De Bilan ass net definitiv an iwwer eng Millioun Menage sinn nach ëmmer ouni Stroum.

An der tëscht huet den Hurrikan Ida, deen um Sonndeg nach zur Kategorie IV gehéiert huet, eppes u Kraaft verluer. Um Dënschdeg ass den Tropestuerm iwwert den ëstlech ugrenzende Mississippi gezunn. D‘Wandspëtzte ware laut dem nationalen Hurrikan-Zenter (NHC) mat bis zu 90 Km/h net méi ganz esou brutal, dofir huet et masseg Néierschléi ginn, déi hir Wierkung net verfeelt hunn.

D‘Highway Patrol vum US-Bundesstaat Mississippi huet matgedeelt, datt duerch de Staarkreen den Highway 26 bei Lucedale ënnerspullt gouf. An der Folleg goufe Gefierer vun der Strooss gerappt. Heibäi hunn zwee Mënschen hiert Liewe verluer, esou d‘Autoritéiten. Och am Louisiana bekloen d‘Autoritéiten zwee Affer. Hei befiercht een allerdéngs, datt de Bilan wäert musse revidéiert ginn.

Hurrikan Ida

Erfreelech ass de Constat, datt den Héichwaasserschutzsystem zu New Orléans an Ëmgéigend dës Kéier funktionéiert huet. D‘Dämm hunn duergehalen, firwat d‘Katastroph konnt ofgewannt ginn. U Schued a Misär feelt et de betraffene Mënschen an der Regioun trotzdeem net. De Gouverneur vu Louisiana, John Bel Edwards, huet gëschter ee graffen Iwwerbléck iwwert déi lafend Asätz ginn.

Eng 5.000 Mann vun der bundesstaatlecher Nationalgard si fir Opraumaarbechten ofgestallt ginn. Dausenden Aarbechter si beméit dem marode Stroumnetz nees op d‘Been ze hëllefen. Zäitgläich sinn an der ganzer Regioun Helikopter a Booter am Asaz, fir d‘Mënschen aus de Geforenzonen ze evakuéieren. Et wäert Méint brauche bis d‘Situatioun nees als Zefriddestellend ka bewäert ginn.

Zu New Orléans muss d‘Arméi mat Generatoren d‘Spideeler versuergen. D‘Buergermeeschtesch Latoya Cantrell huet d‘Leit, déi sech zäiteg a Sécherheet brénge konnten, elo gebueden net direkt zeréckzekommen. Villes ass nëmme schwéier zougänglech an déi agesaten Aarbechter sollen net behënnert ginn. An der tëscht entstinn iwwer dem Mier nei Tropestierm… et ass Hurrikan-Saison.

mat indymedia/msy

Foto: Ee Bild vun Hammond (LA), wou fräiwëlleger hëllefe Leit ze evakuéieren déi vun de Fluten agespaart goufen. Am der ganzer Regioun ass d‘Stroum- a Waasserversuergung ënnerbrach © OpBBQrelief

Related topics Hurrikan Ida, Klimawandel, Louisiana, Mississippi, Tropestuerm, USA
Next post Previous post