Search

You may also like

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok
International Meenung

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok

Op diverse sozialen Netzwierker loossen déi Professionell vun den Hôpitaux

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019
International Meenung

Lëtzebuerger Film Fong: En erfollegräicht Joer 2019

Zënter senger Kreatioun am Joer 1990 steet beim Lëtzebuerger Film

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz
International Meenung

Amerika, d‘Land vun de Géigesätz

Wat een net fir méiglech géif halen, schéngt sech elo

Nëmmen e béise Jong?

Nëmmen e béise Jong?

Mat groussen Ae kuckt am Moment déi ganz Welt op Nordkorea. E Land, esou aarm wéi eng Kierchemaus, mat engem Diktator u senger Spëtzt , dee seng Natioun zu enger Atommuecht entwéckelt huet. De Kim Jong-un, dee keen Heel aus sengem Haass op d’USA mécht, provozéiert den Trump op der Däiwel komm eraus.

Sanktiounen, këmmeren hie wéineg. Et ass jo d’Vollek, dat drënner leit. Dëse béise Jong zu Verhandlungen ze zwéngen, kënnt der Quadratur vum Krees gläich. Dobäi ka liicht iwwersi ginn, datt Nordkorea därmoosse mam Réck widder der Mauer steet, dass tatsächlech eng Gefor vum Regime ausgeet.

Mat China, dat och elo d’UN-Sanktioune matdréit, muss een dovunner ausgoen, datt déi staark Männer vu Pyongyang dem Ënnergang geweit sinn. Et stellt sech heibäi awer eng kruzial Fro. Sinn se wierklech bereet eng Atomrakéit ofzeschéissen?

D’Arsenal vu Nordkorea ass wuel net dat modernst a vun der Zouverlässegkeet ass och net ze schwätzen. Trotzdeem ass dat Land mëttlerweil an enger Positioun, militäresch gesinn, déi grousse Schued a nach méi e grousst Leed ka verursaachen. D’Bedreeung ass reell, besonnesch fir Südkorea a Japan. Datt Amerika direkt kéint getraff ginn, dovunner ass just de Kim Jong-un iwwerzeegt.

Et steet een also engem krassen Dilemma géinteniwwer. Engersäits weess d’Weltcommunautéit, datt d’Sanktiounen an éischter Linn d’Vollek vum kommunistesche Regime trëfft. Ofrëschten deet Pyongyang dowéinst net. Anersäits ass ze fäerten, datt de Milliardär iergendwann senge Wieder muss mat Doten nogoen. „Fire and Fury“ verspriechen ass dann och net méi mam Säbel gefuchtelt.

Während den hallwen Orient (Syrien, Irak, Afghanistan a Jemen) brennt, muss e sech Gedanke maachen, op en atomare Konflikt an Asien méiglech ass. Den Impakt vun esou engem Konflikt, deen dann och sécherlech onberechenbar Folge fir d’Weltwirtschaft hätt, muss engem bewosst ginn.

Aus geostrategesche Grënn, ka China den USA den Amarsch a Nordkorea net erlaben. Peking huet keen Interessi un engem vereenegte Korea. Zemools well domadder den Afloss vun den USA an der Regioun onproportional géif klammen. China selwer huet awer, dat muss och festgestallt ginn, keen Afloss méi op d’Regierung vu Nordkorea.

D’Kubakris an de 60er Jore kënnt engem do vir wéi ee Kannergebuertsdag.

Foto: De Kim Jong-un, Leader vun der Demokratescher Volleksrepublik Korea. Wat si seng Intentiounen a kann hie vu Sanktioune gebremst ginn? (© Ed jones/AFP)

Related topics China, Nordkorea, USA
Next post Previous post