Search

You may also like

Sea-Eye gëtt Rettungsschëff op – Elo ass nëmmen nach Eent am Asaz
Stories

Sea-Eye gëtt Rettungsschëff op – Elo ass nëmmen nach Eent am Asaz

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye trennt sech vun hirem Rettungsschëff ALAN KURDI. E

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount
Stories

D‘Oppositioun huet d‘Regierung net verschount

Nodeems e Mëttwoch de Premierminister statt enger „Erklärung zur Lag

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?
Stories

Packs du et duerch eise Quiz zum Kanton Kapellen?

[onionbuzz quiz-id=98][/onionbuzz] De Kanton Kapellen ass zwar bei wäitem net

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen. Den Drotiesel ass nees populär, besonnesch zanter en „elektresch“ ginn ass. An esou ass dann och den „Assistent“ deen dem Vëlo eng Aart zweet Fréijoer zoukomme léisst.

Den e-Bike, wéi een säin elektreschen Drotiesel op nei lëtzebuergesch vernennt, steet héich am Cours. Deen ass jo och wierklech praktesch, besonnesch fir op d’Schaff, wou de Vëlo net nëmmen den Avantage huet gutt fir d’Gesondheet ze sinn, nee domatter kriss de bal iwwerall eng Parkplaz. An eng vun deenen ei näischt kaschten.

Honnerten e-Bikes sinn eleng an der Stad verkaf ginn. An et si laang net méi nëmmen d’Studenten, déi „Hipp“ oder soss droleg Gesellen déi sech e Vëlo zouleeën. De Vëlo huet seng Plaz och an der Administratioun oder op de Banke fonnt. Och de „Fonctionnaire“ huet den e-Bike fir sech entdeckt. Praktesch, schnell a Präiswäert, esou kann een och mobil sinn.

Gutt d’Politik mécht och vill Promotioun an d’Acteuren aus der Politik verpasse keng Geleeënheet sech mat Vëlo ze weisen. Op dat eleng duer gaangen ass fir den Erfolleg ze justifiéieren, dat ass leider net gewosst. Gewosst ass awer, datt vun de ronn 10.000 verkaafte Vëloen 2016, scho gutt en Drëttel elektresch ënnerstëtzt war.

Wa schonn, dann elektresch

Op europäeschem Niveau, esou d’Statistiken, ginn am BeNeLux – also Holland, Belsch a Lëtzebuerg – déi meeschten e-Bikes verkaf. E vun dräi Drotieselen huet ewell eng Batterie an d’Tendenz weist dann och éischter no uewen. An dobäi ass et kee „bëllege“ Pleséier, och wann et, finanziell betruecht, vum Staat e gudde Fouss hannebäi gëtt.

Mam Steier-Abattement vun 300 Euro beim Kaf vun engem e-Bike dierf de Wonsch dann och eppes méi ausgefale sinn. Eng Mesure déi animéiert a Friichten dréit. Am Infrastrukturministère jiddefalls ass een dovunner iwwerzeegt.

An et ass jo och wouer. D’Leit hunn es einfach genuch stänneg am Stau ze stoen. Op et ass wéinst engem Termin, oder een einfach esou mat Zäiten enzwousch hi muss, mam Vëlo kënnt een dohinner. Zumindest wann een de Vëlo an der Stad oder – mëttlerweil och – zu Esch Uelzecht benotzt. A mat der Ënnerstëtzung vum Elektromotor ass ee weder ausser Otem nach plätsch naass geschweesst.

Keen Hiwwel deen de Manager ausbremst, keng Täsch déi der Affekotin ze schwéier wier. Mam Vëlo duerch d’Stad ass ebe vu Virdeel. Modern, gutt fir d’Ëmwelt a wéi net oft genuch betount: schnell! Mëttlerweil hunn esouguer Entreprise de Virdeel vum e-Bike erkannt, wéi een un de sëllechen „Cargo-Bikes“ erkenne kann. Jo och e Pak ass mam Vëlo méi schnell beim Client.

Roseg Zukunft

D’Popularitéit vum e-Bike huet sech dann och entwéckelt. Dofir nach emol e Bléck op d’Statistik: 2006 waren et keng 100.000 déi sech verkaf hunn. 2016 läit d’Vente vum e-Bike wäit iwwer 1,6 Milliounen. E Succès deen den e-Bike sech allerdéngs duerch vill a néideg Verbesserunge verdéngt huet. D’Liewensdauer vun de Batterien huet sech konsequent verbessert an et kann ee mëttlerweil bis zu 100 Kilometer wäit fueren.

Gutt bëlleg ass d’Investitioun net. Bis zu 10.000 Euro kann een do, jee nodeem wéi eng Wënsch een huet, schonn emol mussen op den Dësch leeën. A fir dee Präis kriss een nach net emol een deen hei zu Lëtzebuerg gebaut gi wier. Mat deem Interessi eigentlech verwonnerlech, zemools wou et un Händler net wierklech feelt. Mee bon et ginn der an der EU all Joer 1,2 Milliounen hiergestallt an Asien ass och grouss am Geschäft.

Ugesicht der Entwécklung vun den e-Bikes an dem Vëlo ganz generell, wier et awer vläicht eng Iwwerleeung wäert. Mat Batterien déi am Kader sinn, engem oppenen Design an de ville kreative Käpp, sollt et och zu Lëtzebuerg méiglech sinn esou e Gefier selwer hierzestellen. Et ass dobäi keng domm sech bewäerte Komponenten ze bedéngen. Mee e Vëlo „made in Lëtzebuerg“ dat hätt nawell eppes.

Related topics ebike, Ëmwelt, Lëtzebuerg
Next post Previous post