Search

You may also like

Eng eedel Konscht: Esou schaffen eis Lëtzebuerger Buchbënner (Deel 1)
Kultur Neiegkeeten

Eng eedel Konscht: Esou schaffen eis Lëtzebuerger Buchbënner (Deel 1)

Am Kader vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch krute

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!
Kultur Neiegkeeten

Wéinst der Hëtzt: Déierenexport bis an d’Tierkei gestoppt!

Fir net géint d’Wuelergoe vun den Déiere bei de laange

US-Ausseminister fir oppene Schlagaustausch
Kultur Neiegkeeten

US-Ausseminister fir oppene Schlagaustausch

Den Anthony Blinken zitt et vir senge militäresche Partner de

E Bléck an eis Natur vun A-Z: 100 Joer natur&ëmwelt modern zesummegefaasst

E Bléck an eis Natur vun A-Z: 100 Joer natur&ëmwelt modern zesummegefaasst

Voller Freed hunn all Persounen, déi um Natur- an Ëmweltschutz interesséiert sinn, dëst Wierk erwaart. Gëschter ass dunn endlech d’Buch „E Bléck an eis Natur vun A-Z“ vun natur&ëmwelt digital op ApartTV a YouTube presentéiert ginn. Ab haut kann een dës kuckenswäert Rees duerch ee Joerhonnert mat der Organisatioun fir Doheem kafen.

Am Kader vu sengem 100. Gebuertsdag huet d’Asbl natur&ëmwelt sech eng Rëtsch Aktiounen an Evenementer afale gelooss, fir trotz sanitärer Kris ee Joerhonnert Bestoen ze zelebréieren. Ma, an op 560 Säiten sinn d’Projeten, d’Partner, d’Leeschtungen an Errongenschaften, sou wéi zuelräich aner Inhalter zesummegefaasst ginn. Wien elo denkt, datt et sech heibäi ëm een décken, dréchene Schmöker handelt, deen iert.

Zesumme mat Editions Binsfeld huet een d’Buch grafesch originell opgeschafft, Bild- an Textreportagen zu bedeitende Projeten agebaut a liicht verständlech déi wichtegst Begrëffer aus dem nationalen Natur- an Ëmweltschutz erkläert. Ee Mol dra gebliedert, leet een et wuel net méi esou schnell op d’Säit.

Ee Joerhonnert fir d’Natur – do huet d’Buchpresentatioun gëschter Owend natierlech missen esou feierlech ausfalen, wéi et aktuell méiglech ass. Musikalesch an dänzeresch begleet gouf d’Virstellung vum Damiano Picci an dem Elina Kariya, an Zesummenaarbecht mam Pitt Simon, ënnert kënschtlerescher Leedung vum Mahlia Theismann an Anne Simon. Matfinanzéiert gouf d’Buch iwwregens vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung.

All Exemplaire enthält iwwregens en duebelsäitege Poster, bei deem den Inhalt vum Buch alphabetesch illustréiert ass.

E Bléck an eis Natur vun A-Z

Ob als Chrëschtkaddo, reng aus Virwëtz oder als léiwe Geste fir sech selwer kënnt Dir „E Bléck an eis Natur vun A-Z“ ab haut fir 45 € am Shop nature vum Haus vun der Natur, am Biodiversum an a Bicherbutteker kafen. Wie sech net deplacéiere kann oder wëll, deen kritt d’Méiglechkeet d’Buch ze bestellen. Hei komme 5€ Porto dobäi, wouduerch 50 € op folgende Kont iwwerwise ginn:

CCPL LU50 1111 0511 3112 0000 (Postadress uginn)

Mir wënsche vill Freed beim Bliederen, Liesen an Entdecken!

Related topics 100. Gebuertsdag, Anne Simon, Buchpresentatioun, Damiano Picci, E Bléck an eis Natur vun A-Z, Elina Kariya, Feier, Literatur, Malia Theismann, Natur- an Ëmweltschutz, natur&ëmwelt, Pitt Simon
Next post Previous post