Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech
[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech
Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de
Dausenden Israelien hunn e Sonndeg, notamment zu Tel Aviv, géint
En ass speziell, liicht extravagant an huet „senge Leit“ versprach zum 31. Oktober Groussbritannien aus der Unioun ze féieren, ob mat oder ouni Accord. Elo huet de Premier Boris Johnson den EU-Rotspresident Donald Tusk schrëftlech zu Noverhandlungen opgefuerdert. Eng Propose déi esou vu Bréissel bis ewell ëmmer zréckgewise ginn ass. Haaptsträitpunkt: den iresche „Backstop“…
Am Bréif huet de Boris Johnson nach emol drop higewisen, datt ee geuerdenten Austrëtt, also quasi e Brexit mat Ofkommes, déi éischt Prioritéit vu senger Regierung ass. Seng Regierung wëll mat Energie an Entschlossenheet dru schaffe fir esou en Accord méiglech ze maachen. Hien huet am Schreiwes allerdéngs och nach emol d‘Grenzregelung fir Nordirland als net akzeptabel ugefouert.
Dee sougenannte „Backstop“ – mat deem eng physesch grenz tëscht der Republik Irland an der britescher Provënz Nordirland soll verhënnert ginn – wier net nëmmen ondemokratesch, mee géif déi britesch Souveränitéit verletzen. Zudeem géif och de Verbleif an der Zollunioun, deen temporär sollt sinn, et Groussbritannien schwéier maachen eng eegen Handelspolitik op d‘Been ze stellen.
Elo gëtt et awer schonn en Ofkommes. Dat war no laangen a zéie Verhandlunge mam Boris Johnson senger Virgängerin, dem Theresa May, zustane komm. De Problem mat dësem Accord? Deen ass am Mee direkt dräimol hannertenee vum britesche Parlament verworf ginn, firwat de BoJo elo och Premierminister vu Groussbritannien ass. Kann sech Bréissel op Noverhandlungen aloossen? Nee!
Déi britesch Regierung an d‘EU-Kommissioun steieren also weiderhin op eng Scheedung ouni géigesäitegt Averständnes zou. De Boris Johnson huet an dësem Kontext net nëmme gedreet, déi „oppe Rechnung“ net wëllen ze begläichen, mee huet duerchblécke gelooss, datt ouni Accord, ab dem 1. November de fräie „Persouneverkéier“ ofgeschaaft gëtt. Op een dann ee Visa brauch?
Wéi och ëmmer d‘EU-Kommissioun sech ustellt, fir déi Situatioun ze klären, dem britesche Premier seng politesch Virgoensweis ass zumindest diskutabel. Woubäi sech de Boris Johnson selwer an déi Lag bruecht huet. Wann en haarde Brexit der EU wirtschaftlech sécherlech schuede wäert, esou ass et awer fir Groussbritannien e gréissere Risk. An déi britesch Wirtschaft ass entspriechend nervös…
mat indymedia/lon/bru