Search

You may also like

Awanderung an d‘USA net méi méiglech
International Neiegkeeten

Awanderung an d‘USA net méi méiglech

Ouni Eenzelheeten ze nennen, a wärend säi Gestëppels géint d‘Ausgangsspären

D‘POST produzéiert elo Stroum
International Neiegkeeten

D‘POST produzéiert elo Stroum

Wéi um Freideg den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) am

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
International Neiegkeeten

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter

De Boris Johnson huet „säi“ Plang fir e geuerdenten Austrëtt aus der Unioun virgeluecht

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter

An engem laange Bréif un den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, huet de Boris Johnson en „neie Plang fir eng Léisung am Brexit-Sträit“ virgeluecht. An dësem Schreiwes mécht de britesche Premierminister nei Virschléi zur Vermeidung vu Grenzkontrollen op der irescher Insel.

Sënn an Zweck vun dësem Plang: dee vun der EU proposéierte Backstopp aus der Welt ze schafen. Esou gesäit den neie Plang vir, déi britesch Provënz Nordirland nom Brexit an enger Zollunioun mat Groussbritannien ze halen. Kontrollen am Wuereverkéier mam EU-Land Irland soll et net un der Grenz ginn. Si sollen dezentraliséiert stattfannen. Wéi dat alles ka vu Statte goen?

PlangDéi agefouert Wuere solle mëttels Online-Formulaire ugemellt ginn, punktuell Iwwerpréiwunge soll et dann an den Entreprisen oder anere Standuerter vun der Liwwerkette ginn. D‘Häerzstéck vum Boris Johnson sengem Plang ass et op der ganzer Insel a bestëmmten Handelsberäicher eenheetlech Reegelen opzesetzen. Wéi dat alles ze bewierkstellegen ass an ob et eng valabel Propose ass?

Interessant, mee wou ass den Ënnerscheet?

Esou stellen sech d‘Briten dat ganzt vir: Liewensmëttel, Agrarprodukter an Déieren aus Nordirland solle weiderhin den EU-Bannemaartregelen ënnerleien. Nëmmen esou ass et méiglech dës Gidder no Irland – an esou an de Recht vun der EU – importéiert ginn. Dës Moossnam soll och bei veraarbechte Wueren a Gidder ugewannt ginn. Domatter kéim de BoJo der EU entgéint, heescht et.

Plang

An dësem Zeenario géifen also Gidder, déi vu Groussbritannien no Nordirland verfracht ginn, an Zukunft bei den zoustännege Servicer ugemellt a vun dësen Iwwerpréift ginn. Um Wee vun Irland an déi britesch Provënz soll dat net de Fall sinn, woubäi d‘Servicer awer fir all Wuerentransfert mussen eng Informatioun zu Inhalt, Depart an Destinatioun erhalen. Kléngt net ganz verkéiert…

Wéi laang kann een dat oprecht erhalen?

Fir London besteet de Problem doranner, datt wa sech Nordirland zukünfteg un EU-Regelen hale muss, op déi d‘Parlament natierlech keen Afloss méi huet, dat Ganzt oniwwersiichtlech ka ginn. Fir dësen – wéi et de Boris Johnson erkläert huet – Demokratiedefizit auszegläichen, muss et méiglech sinn, datt Nordirland regelméisseg iwwert déi da bestoend „Regele“ befanne kann.

PlangDofir gesäit dem BoJo säi Plang vir, datt dat nordirescht Parlament an d‘Regierung um Enn vun der Transitiounsphas (déi soll bis Enn 2020 lafen) an uschléissend all véier Joer, iwwert d‘Regelung nei ze befannen huet. De Jean-Claude Juncker, deen dëse „schwaarze Péiter“ nach bis zur Mandat-Iwwergab an eegen Hänn hält, schéngt dann och bereet iwwert d‘Propose nozedenken.

Et ass näischt wat „presséiert“…

No sengem Telefonat mam britesche Premier huet den EU-Kommissiounspresident erkläert, datt et hei vill Positives gëtt, mee sech och problematesch Punkten ageschlach hunn, un deenen an den nächsten Deeg muss geschafft ginn. Esou wier et net am Sënn vun der EU, datt Nordirland eesäiteg aus dem Vertrag erausklamme kann. Déi hat ganz aner Konditiounen am Brexit-Accord virgesinn.

Plang

Déi Bréisseler Propose war wäitaus méi restriktiv. An och beim Thema: substantiell Zollvirschrëfte gëtt et Bedenken. Laut dem Jean-Claude Juncker brauch rechtlech ëmsetzbar Léisungen, déi esouwuel eng „haart Grenz“ verhënnert wéi se de och Schutz vum EU-Bannemaart garantéiere muss. Et gëtt also nach Hoffnung op eng Scheedung am géigesäitegen Averständnes.

Esou domm wéi hie sech gëtt ass en net

Mat deem wat elo gewosst ass, kann ee verstoen, datt de Boris Johnson sech gëschter nom Kongress zu Manchester feiere gelooss huet. De Slogan vum Kongress: „Get Brexit Done!“ war Programm an de Klatzkapp huet „geliwwert“. Dat natierlech op seng ganz perséinlech an onbekëmmert Aart a Weis: „D‘EU hëlt elo dëse Virschlag un oder mir ginn eiser Wee ouni Ofkommes“, esou de BoJo.

Plang

Seng „Show“ um Kongress vun den Torries (Coservatives) zu Manchester huet hir Wierkung net verpasst. Et gouf „standing Ovations“ an dat wat hien als „Plang“ presentéiert huet, dierf een als clevere Schachzuch betruechten. Elo ass et nees u Bréissel sech mat der gliddeger Kuel an der Hand zum Ganzen ze positionéieren. © The Conservatives (Newsroom)

An de Kongress kann een dann och als perfekt orchestréiert Inzenéierung ëmschreiwen. Politik a Gesellschaft si polariséiert, de Boris versprécht de Briten d‘Kontroll iwwer Grenzen, Gesetzer, Steieren an esouguer Fëschgebidder zréck ze ginn. Dobäi soll Nordirland enk mat der EU verbonne bleiwen, wat derzou féiert, datt déi ganz iresch Insel zu enger „Sonnerhandelszon“ géif ginn.

Geet et schif, ass et net de Briten hir Schold

Mat senger Strategie vum „Do or Die!“ huet de Boris Johnson e clevere Schachzuch hikritt. Wann déi zu Bréissel déi uewe genannte Propose zréckweisen, kann hien hinnen d‘Schold Zouweisen. Et war also ee wichtege – aus strikt politescher Siicht – Schratt fir de Premierminister, deen et an der Lescht opgrond dem Widderstand am Parlament an deels dem eegene Lager, net einfach hat.

PlangA wann hie sech zu Manchester nach konnt feiere loossen, säin Telefonsgespréich mam Jean-Claude Juncker eigentlech positiv war an de virgeluechte Plang duerchaus Potential huet, esou muss hie sech haut schonn nees der politescher Realitéit vum House of Commons stellen. D‘Parlament ass kee Kongress an déi wou do sëtzen, sinn net gewëllt en haarde Brexit zouzeloossen.

mat indymedia/lon/bru

Related topics Boris Johnson, Brexit, Jean-Claude Juncker, Kongress, Manchester, Plang
Next post Previous post