Search

You may also like

Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum
Kultur Stories

Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum

Den nationale Reguléierungsinstitut (ILR) huet elo d‘Zuelen am Bezuch op

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?
Kultur Stories

Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?

Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.

PM International Grënner erhält de „Fonti Award“
Kultur Stories

PM International Grënner erhält de „Fonti Award“

De Grënner a Virstandsvirsëtzende vu PM International, Rolf Sorg gouf

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt

E Buch esou wäertvoll wéi eis Ëmwelt

Mat „Auf Spurensuche“ ass um Mëttwoch am Haus vun der Natur, net einfach ee weidert Buch iwwer d‘Natur a seng Eegenheete virgestallt ginn. Et ass och kee langweilegt Bios-Buch, oder eppes just fir Leit, déi souwisou der Natur zougedoen sinn.

Nee, hei huet een en epescht Wierk an der Hand, dat sech net wëll an engem Regal oder soss enzwousch an der Bibliothéik verstoppen. Et ass spannend, ergräifend a wëll matgeholl ginn. Dohinner wou sech dat wat am Buch beschriwwe gëtt, ofspillt. Dofir muss een dann och kee Rucksak hunn, eng Musette geet duer, dann d‘Krapperte mat der Hand geholl, a scho kann et lass goen.

Bei der Virstellung op der Kockelscheier, war et natierlech dem President Roby Biwer seng Flicht, e Camion voll Mercie lass ze ginn. An esouvill ass sécher, alleguerten déi sëlleche Leit, Organisatiounen an net zu gudder Läscht „Editions Revue“ hunn de Merci wierklech verdéngt.

ISBN-13: 978-99959-45-27-5
Prädikat „Besonnesch Wäertvoll“
Kann een op shop.revue.lu bestellen
via Iwwerweisung vun 29€ op LU97 1111 0836 5137 0000 kritt een och fräi Haus, wann ee net vergësst de Numm an d‘Adress unzeginn
Erschéngt mat der Ënnerstëtzung vun „natur&ëmwelt“, der Gesellschaft vun de Lëtzebuerger Naturalisten (SNL), der Vereenegung vun de Lëtzebuerger Biologen (ABIOL) an dem Nationale Musée fir Naturgeschicht Lëtzebuerg (MNHNL)

Et ass nu emol net selbstverständlech, och wann et wéi gesot en absolute „must have“ ass, ee Buch op de Maart ze bréngen, dat wirtschaftlech gesi keng Aussicht op ee reelle Profit huet. Dofir profitéiert awer all Lieser, dee sech „Auf Spurensuche“ keeft enorm. Aktuell, prezis a gutt verständlech. Ab dem 3. oder 4. Schouljoer duerchaus unzeroden, an och mat 99 kann an dierft een dru Gefale fannen.

Kloer ass et richteg a wichteg drop hinzeweisen, datt besonnesch déi trei Lieser vum „Regulus“ hei op hir Käschte kommen. Ëmmerhin huet de Nico Schneider an zwanzeg Joer vill a besonnesch interessant Beiträg geliwwert. Beiträg, déi a munchem Haus deen een oder anere Krappert oder d‘Knetzel vun der Spillstatioun lassgerappt huet. Hinnen d‘Dier an d‘Aen op d‘Natur virum eegenen Haus opgemaach huet.

A well deem esou ass, wat eleng schonn dem Nico ganz héich unzerechnen ass, sollten sech och d‘Pädagogen (esou nennt een dat haut) dësem wierklech remarkabele Wierk net entzéien. Op Schoulmeeschter oder Educateur, wien mat Kanner ze dinn huet, dann och nach net fäert sech seng Box knaschteg ze maachen, kënnt net derlaanscht.

Foto: Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Buch, Haus vun der Natur, natur & ëmwelt, Nico Schneider
Next post Previous post