Search

You may also like

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen
Meenung

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am

dislike
Iwwer 30 Poliziste goufen 2016 am Déngscht blesséiert
Meenung

Iwwer 30 Poliziste goufen 2016 am Déngscht blesséiert

Polizist sinn ass net ongeféierlech. Dëst erginn och d’Zuelen, déi

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen
Meenung

Déi gëlle Reegele fir mat Holz ze hëtzen

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung huet zesumme

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)

De Staat sollt selwer zum Dealer ginn, esou wéi dat scho beim Alkohol, den Zigaretten an dem Kaffi de Fall ass. An dat ass kengesfalls sarkastesch gemengt, well nëmmen op dës Manéier kann e Minimum u Kontroll iwwert de Maart geséchert ginn. Aktuell gëtt et esou gutt wéi guer keng Kontroll. Net beim Jugendschutz an net bei der Qualitéit.

Eis Police beméit sech vergieflech der Hydra de Kapp ofzeschloen, bënnt awer esou seng knapp Personalressourcen a verschwent zu allem Iwwerfloss och nach Steiergelder, déi anzwousch anescht besser kéinten agesat ginn.

Duerch eng Legaliséierung géif de Staat net nëmme Geld spueren, hie géif es erakréien. Steieren, déi awer zu engem groussen Deel an d‘Gesondheetskeess, Preventioun- an Opklärungsaarbecht fléisse mussen. Eng Legaliséierung léisst sécherlech net all d‘Problemer am Ëmgang mat Cannabis, mee vill Problemer sinn hausgemaach. Si si schlicht an ergräifend der Repressioun zouzeschreiwen.

vum Johnny Theisen

(Iwwersetzung aus dem Däitschen, vum Laure Schlesser)

D‘Meenunge vun der Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Related topics Cannabis, Drogepolitik, Legaliséierung
Next post Previous post