Search

You may also like

dislike
Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht
Neiegkeeten

Suessem: Erstaunleches aus der Bréifkëscht

Déi Lénk aus der Gemeng Suessem hu richteg festgestallt, datt

Deen aneren Donald Trump…
Neiegkeeten

Deen aneren Donald Trump…

No heftegem Drock säitens den Demokraten huet den Donald Trump,

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!
Neiegkeeten

Chantier op der Autobunn A13 ab e Freideg!

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Autobunn A13 tëscht dem

E. Coli Bakterien am Chèvre aus dem Delhaize a Cactus!

E. Coli Bakterien am Chèvre aus dem Delhaize a Cactus!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt an engem Mëllechproduit aus dem Delhaize a Cactus krankheetserreegend Bakterien (E. Coli O26) ze fanne sinn.

Eng Woch no der Consommatioun suergt den Escherichia Coloa O26 fir eng Gastro-Entertites, déi souguer mat banneschte Bluddungen ende kann. Eventuell Begleeterschéngunge si Féiwer a schlëmm Niereproblemer bei jonke Kanner.

De Produit ass an de Lëtzebuerger Supermarchéë vum Delhaize a Cactus am Verkaf gewiescht a gouf direkt aus der Vente zeréck gezunn. Een Deel vum Stock ass allerdéngs verkaaft ginn, wouduerch d’Liewensmëttelsécherheet de Konsument biet, folgende Produit net ze konsuméieren:

  • Numm: Crottin de Chavignol (L.H.T./Laiterie Triballat
  • Inhalt: 60 Gramm
  • Halbarkeetsdatum: 05/04/2019
  • EAN Code: 3184670010525
  • Nummer: L033 09
  • Hierkonft: Frankräich

An dësem Kader gëtt drun erennert, datt JUST de Chèvre mat der genannter Nummer an dem Halbarkeetsdatum concernéiert sinn, all anere Produit ass net betraff! Persounen, déi de Mëllechproduit zou sech geholl hunn an eventuell Symptomer uweisen, gi gebieden een Dokter ze kontaktéieren.

Related topics Chèvre, Delhaize, E. Coli O26, Krankheet
Next post Previous post