Search

You may also like

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)
Neiegkeeten

Ungaresche Faschist zitt de Schwanz an a geet (kommentéiert)

Et war ee schwaarzen Dag fir de Manfred Weber (CSU),

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach
Neiegkeeten

Covid19: Ob emol gëtt sech Gedanke gemaach

Well et net kann domadder gedoe sinn, datt sech just

D‘NATO huet en neie Wiechter
Neiegkeeten

D‘NATO huet en neie Wiechter

De virechten Ausseminister a säi Chef, haten net nëmmen d‘Weltwirtschaft

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Et gëtt 33% méi Geld

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de Gesetzprojet, zum 10. Fënnefjoresplang fir den Equipement vun der touristescher Infrastruktur virgestallt. Zanter 1973 befaasst sech d‘Regierung mat de Besoine vum Tourismussecteur. D‘Ausféiere vun néng successive Fënnefjorespläng huet et esou erméiglecht touristesch Infrastrukturen ze schafen oder verbesseren.

Vum Regierungsrot den 14. Juli ugeholl, erlaabt den 10. Fënnefjoresplang dem Wirtschaftsministère och weiderhin iwwer Subsiden ganz ënnerschiddlech Acteuren ze ënnerstëtzen. Déi droen alleguerten derzou bäi déi touristesch Offer am Land oprecht ze erhalen a Neies ze schafen. De neie Plang mat engem Budget vu 60 Milliounen Euro deckt den Zäitraum vun 2018 bis 2022 of. Géintiwwer dem 9. Fënnefjoresplang, deen Enn Dezember ausleeft, ass de Budget ëm 33% geklommen.

E grousse Kuch fir en hongerege Secteur

D‘Francine Closener weist dann och drop hin, datt mat dësem Geld, de Ministère Projete vun de Gemengen, Syndikater an Asbl‘en wäert matdroen. Och privat Investisseure, esou wéi Proprietären oder Exploitante vun Iwwernuechtungsméiglechkeeten (Camping, Herberg, Hotel, etc) sollte vun dëse Subsiden dierfe profitéieren. Hei gëtt besonnesch un d‘Installatioun vun Informatioun- a Kommunikatiounstechnologie geduecht.

Fir Investissementer, déi eng Verbesserung vun der Accessibilitéit fir Leit mat enger reduzéierter Mobilitéit sécher stellen, ass dann och den Taux vun 20 op 50% eropgesat ginn. Am Fënnefjoresplang ass och eng legal Grondlag etabléiert ginn, fir déi duerch eng natierlech Katastroph geschiedegt Acteuren aus dem Tourismussecteur mat bis 50% vum Materialschued ze entschiedegen. Dat gëllt dann awer nëmme wann een eligibel ass.

Interessant dierft et sinn, datt am Fënnefjoresplang besonnesch de ländleche Raum Ënnerstëtzung fënnt. Méi prezis d‘Hotellerie, wou Subventioune vu Projeten an héicht vun 20% méiglech sinn, ouni weider Konditioune mussen ze erfëllen. Och d‘Campinger profitéiere vun enger Hausse vum Subventiounstaux an héicht vun 20%. Dat erlaabt et den Dossier méi schnell ze behandelen an och d‘Sue sollten zäitno iwwerwise ginn.

Erzwonge Memberschaft

Vun der Staatssekretärin war dann nach gewuer ze ginn, datt de Fënnefjoresplang och déi rezent Entwécklung am Tourismussecteur zeréckspigelt. Allerdéngs mussen zukünfteg all d‘Hoteller a Campinger sech der offizieller Klassifikatioun uschléissen. Si wiere soss net eligibel fir eng Subventioun. Och d‘Gemengen an Asbl‘en musse Member vun hirem regionalen Tourismusbüro (ORT) sinn

Quell: Service Information et Presse

Related topics Francine Closener, Lëtzebuerg, Tourismus
Next post Previous post