Search

You may also like

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun
Neiegkeeten Sport

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun

Mat engem Schreiwes positionéieren den Transportminister François Bausch a seng

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!
Neiegkeeten Sport

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!
Neiegkeeten Sport

EU: Jidderee muss mat senge Chômeure selwer eens ginn!

E Freideg konnten sech d‘Membere vun der CoRePer (Comité vun

E Kaddo fir de Vëlo – E gudde Start an d’Europäesch Mobilitéitswoch!

Ganz der Traditioun no huet gëschter d’Aktioun „E Kaddo fir de Vëlo“ den Ufank vun der Europäescher Mobilitéitswoch 2020 markéiert. Dobäi kruten d’Cyclist op 3 Plazen an der Stad Lëtzebuerg beim Laanschtfueren e Kierfche mat léiwe Cadeauen an Informatiounsmaterial offréiert.

Deenen enge war d’Aktioun net ganz geheier, anerer waren ze vill am Stress fir déi puer Sekonne stoen ze bleiwen, respektiv kuerz d’Hand auszestrecken. Am Géigesaz dozou goufen et awer och déi Cyclisten, déi virwëtzeg genuch waren an de Beidel ze kucken, respektiv dës Traditioun scho kann an de Kaddo gären entgéint geholl hunn.

Elo wou de Vëlo als Transportmëttel ëmmer méi u Beléiftheet gewënnt, hunn de Verkéiersverbond an d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ ab 7 Auer Moies ganzer 1.000 Sacochë verdeelt an zwar beim Rondpoint Schuman, am Park vum Altersheem Pescatore a beim Panoramalift fir an de Pafendall.

Kaddo

© Shari Pleimelding/moien.lu

Ma, wien net zougegraff huet, dee war selwer Schold. Am moudesche Jutebeutel war nämlech e Buff mat Vëlosmotif, en Duch, Postkaarten, Informatiounsmaterial zum Vëlofueren an de Quattropol-Stied (ganz nei), d’Kaarte mat de Stater Vëlosweeër, eng Broschür zum Netz u Vëlosweeër landeswäit, e puer Informatiounen zur mBox a fir de klengen Honger tëschenduerch eng lecker Fruchtschnitte.

Zil war et de Cyclisten an der Stad Lëtzebuerg Merci ze soen, datt si ob dëst doucet Transportmëttel zeréckgräifen. Net nëmmen dréit dëse Choix eppes zur kierperlecher Fitness a Gesondheet bäi, et ass een an engems net mam Parkproblem geplot, muss net duerch de Stau fueren an huet méi Zäit, fir d’Ëmgéigend wouerzehuelen.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu „E Kaddo fir de Vëlo“ © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Buff, Cyclisten, Douce Mobilitéit, Ee Kaddo fir de Vëlo, Europäesch Mobilitéitswoch, Informatiounsmaterial, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Merci, Panoramalift, Pescatore, Rondpoint Schuman, Sacoche, Stad Lëtzebuerg, Transport, Verkéiersverbond
Next post Previous post