Search

You may also like

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Mat Promi Power fir Lëtzebuerg

No an no fëllen sech d’Lëschten, d’Parteie maache sech prett

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA
Kultur Neiegkeeten

New Yorker Procureure erhieft Uklo géint NRA

D‘Generalstaatsanwältin vum US-Bundesstaat New York huet géint déi allmächteg National

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Fir dëse 24. Samschdeg a Folleg sollen sech laut dem

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart

E kuerzliewegen awer kënschtleresch héichwäertege Gaart

E Freideg hunn déi Escher Honoratiore bei beschtem Summerwieder de „Jardin Ephémère“ dee vun der Kënschtlerin Florence Hoffmann geschafe gouf, offiziell a mat vill léiwe Gäscht ageweit.

De Gaart deen op der Stadhausplaz opgeriicht ginn ass, zeechent besonnesch duerch seng fënnef zolidd iwwerdimensionéiert Monolither aus, déi Bicher duerstellen an op deene jeeweils ee vun den universelle Wäerter veréiwegt ginn ass, déi vun der Mënschheet (sollte) behäerzegt ginn: Fräiheet, Eenheet, Solidaritéit, Toleranz an Nächsteléift.

Et ass eng kënschtleresch Reverenz fir de Centenaire vun der Escher Stadbibliothéik an och schonn eppes wéi ee Virgeschmaach op Esch 2022. D‘Florence Hoffmann ass dann och net iergendeng Kënschtlerin. Si huet méi hirer „Saachen“ déi uechtert der Welt opgeriicht goufen. Hir Wierker sinn an ëffentleche wéi private Kollektiounen eremzefannen.

Et ass dann och eppes méi wéi nëmmen „Deko“. Et sinn Wierker déi zum nodenken ureegen, mee et kann een och seng Séil an dësem „vergängleche“ Gaart. Bleift ze hoffen, datt eise Rabbelkäpp dës Ausstellung och gefält, an d‘Awunner wéi d‘Touristen de ganze Summer iwwer, vun dësem flotte Gaart mat senge Konschtwierker ausgibeg profitéieren.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Daliah Scholl, Esch-Uelzecht, Florence Hoffmann, Gaart, Georges Mischo, Jardin Ephémère
Next post Previous post