Search

You may also like

Vläicht brauch et Leit déi Anung hunn
Neiegkeeten Stories

Vläicht brauch et Leit déi Anung hunn

Gëschter huet d‘Chamber missen agestoen, datt déi perséinlech Date vun

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!
Neiegkeeten Stories

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!

Et war de 15. Samschdeg an der Folleg, datt de

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen
Neiegkeeten Stories

LLJ Christmas Tour: Mam dekoréierten Trakter bis op Veianen

Datt d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ) wärend

E Klassiker aus dem héijen Norden

E Klassiker aus dem héijen Norden

Hannert der 6. Dier vum Adventskalenner steet de Simon – régal, fir déi wou besser kennen – an eigentlech sollt een iwwert dëse Klassiker vun der Brauerei Simon zu Woltz näischt méi musse soen oder schreiwen. En zaarte Blonde mat 5,5% Alkoholgehalt an aus purem Happ a Malz gebraut, deen sech als „Premium Lager“ um nationale Maart duerchsetze konnt an och soss beléift ass.

Ronn am Geschmaach an esou gëlle wéi d‘Hiechtsonn déi sech iwwer d‘Felder vum Éislek leet, mat engem „régal“ huet een ëmmer genee dat richtegt bei Hand. Et ass dann och sécherlech ee méi „gängege“ Béier, woubäi hie mat industriellem Béier bal esouvill gemeng huet, wéi en Trabant mat engem Porsche. Béier an e Simon régal, dat esouwuel dat selwecht wéi och eppes ganz anescht.

Zum engen ass sech d‘Rezeptur gutt iwwerluecht ginn an et stécht ee ganze Batz Aarbecht dran. Béier brauen ass nu emol en Handwierk dat nieft vill Fangerspëtzegefill an Talent och Wësse brauch, zumindest wann een déi richteg Uspréch un d‘Qualitéit stellt. Déi Viraussetzunge gehéiere bei Simon zur Grondlag vun allem wat gemaach gëtt, firwat si och den Ënnerscheet maachen.

Aus wirtschaftlecher Siicht ass d‘Brauerei Simon wuel ee vun den éischter mëttelstännege Betriber am Land an duerchaus modern, oder „up to date“ wéi d‘Jugend seet. Si ass enk mat hirer Regioun verbonnen. Wat geet, kënnt aus dem onmëttelbaren Ëmfeld vun der Brauerei: egal op d‘Geescht, der Weess oder d‘Mataarbechter. Esou suergt ee gläichzäiteg fir Qualitéit an d‘lokal Ekonomie .

Hie schmaacht mat 5°C am beschten an ass flexibel genuch fir sech bal all Glas unzepassen. Op an der Klensch oder enger Flütt, dësen häerzhaften awer manner happlaaschtege Béier, dee mat spezielle Malzzorten an de 60er Joren entworf ginn ass, sollt sengerzäit eng Alternativ zum klassesche Pils sinn an ass haut selwer e besonnesch wäertvolle Klassiker ginn. An et geet weider…

Foto: © Martine de Lagardére/moien.lu

Related topics artisanale Béier, Béieradventskalenner, Simon Brauerei, Simon régal, Wolz
Next post Previous post