Search

You may also like

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!
Stories

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!

D‘Maniff um Parvis vum Geriicht zu Esch-Uelzecht, déi ënnert dem

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)
Stories

Op de Punkt bruecht (Carte Blanche)

Et ass Hierscht. De vill erwaarten Hierscht mat sengem „Neistart“

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no
Stories

Den Immunolog warnt a kee lauschtert no

Den US-Immunolog Dr. Anthony Fauci huet virun der Gesondheetskommissioun vum

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll

E Liewen no „Porn Queen“? Méiglech, a sënnvoll

Datt et no „Porn Queen” nach ee Liewe gëtt beweisen déi fréier Membere ganz konsequent an ouni och nëmmen eng Grimmel Zweiwel opkommen ze loossen. Vun ënnerschiddleche Medien als „Stonerock“ bezeechent erweist sech „Dead Sinners“ vill éischter als melodiéise Power-Rock, dee seng Wuerzele vill méi déif gesat huet wéi den Band-Numm et op den éischten Androck vermudde léisst.

Se kennen allerdéngs kräftege Sound produzéieren an de Schwéierpunkt op d’Gittare leeën. Alles gutt iwwerluecht mat Texter déi Sënn maachen an zum Deel och fatzeg ënnert d’Haut ginn. Ee besonneschen Akzent dierf dann och op ee Lidd geluecht ginn, datt u sech een Tribute un d’Vergaangenheet ass an och un déi schéin Zäiten déi se hate, wéi se hire Public als „Porn Queen“ mat der Iwwerzeegung, datt de Rock’n Roll net Doud ass, hunn dierfen iwwerzeegen.

D’Blat ass gedréint an eng nei Ära huet fir den Lucas Ferraz (Lead Guitar), Dan Fastro (Bass Guitar),  Yacko (Guitar), Regis Ronaldo (Guitar) an den Yves „Ditsch“ Deville (Drums) säin Ufank agelaut. Mat hirer éischter EP „FIRE“ déi wuel nëmme fënnef Songs virzeweisen huet, ass op jiddefalls ee schéine Start gelongen. Fënnef ka wéineg sinn, wann awer, wéi an dësem Fall d’Qualitéit den Ausschlag gëtt, da sinn dat grad genuch Lidder fir Loscht op méi ze kréien. Emol ganz dervunner ofgesinn dat „Dead Sinners“ eng wierklech kuckenswäert Liveband ass.

Ee Numm also deen ee sech roueg dierf an de Calepin schreiwen. Natierlech ass et ee Virdeel, d’Jongen op Facebook ze followen a bei der selwechter Geleeënheet ze liken. Dann dierft ee op mannst sécher sinn, datt een hir Optrëtter net méi verpasst. An éierlech gesot, wann ee sech dat eemol eragezunn huet, esouwuel mat den Ouere wéi mat den Aen, da ginn et nëmmen zwou Optiounen. Et huet ee se gefriess oder et kann ee se net leiden. Dat zweet dierft allerdéngs eppes méi schwéier falen, mee bon, iwwer Geschmaach léisst sech bekanntlech net streiden.

De Lucas am Interview

Eng „release -party“ ouni Interview ass wéi Béier ouni Schaum. Mier konnten eis mam Lucas Ferraz no engem gelongene Gig ënnerhalen an haten och ee Batz Froen déi mer dem sichtlech zefriddene Gittarist gestallt hunn.

moien: Lucas elo wou der ee neie Start mat Dead Sinners gemaach hutt an dat just ouni den Fred Baretto, konnte mer awer feststellen, datt sech vill Leit afonnt hate fir sech déi EP ze kropen an ee flotte Concert dierfe matzëerliewen. Wat sinn deng éischt Impressiounen?

Lucas Ferraz : D’EP „Fire“ ass d’Verstäerkung vum Prozess dee mer duerch gemaach hunn nodeems de Fred Baretto d’Band verlooss hat. Mer sinn natierlech ganz zefridde mam „release“ a mer haten déi grouss Freed ee puer al Frënn erëmzegesinn. Et waren awer och vill „néi“ Gesiichter am Public déi sichtlech vun eiser neier Ausriichtung ageholl sinn. Dat weist eis, datt mer dee richtege Wee ageschloen hunn an ass selbstverständlech och eng grouss Éier.

Äre neie Gittarist Yacke huet och kënnen iwwerzeegen. War et een Challenge hien an d’Band ze integréieren?

Säit Porn Queen hate mer ëmmer gutt Gittaristen, mee et ass sécherlech richteg, datt wien och ëmmer dëse Part iwwerhuele wollt, den Drock op de Schëllere gespiert huet. Mee de Regis Rolando an den Yacke hunn d’Erausfuerderung ugeholl an eng exzellent Aarbecht geleescht.

Wann ee sech elo d’EP vun eppes méi no ukuckt, da huet een fënnef Lidder, dovunner dat drëtt genannt „Porn Queen“. Ass dat eng Dedicace?

Allerdéngs, mir sinn ëmmer nees gefrot gi firwat mer de Numm geännert hunn. Eng nei Ära braucht ee neien Numm an mir wollte mat dësem Lidd der aler Band Merci soen, wëll mer se nach ëmmer an eisen Häerzer droen an et ee wichtegen Deel vun eiser Geschicht ass a bleift.

Betreffend d’Lidd „Game of Life“ dat mir et besonnesch ugedoen huet, wuel och wëll et mech ee bëssen un de Sound vu Led Zeppelin mat engem Hauch vu Black Sabbath erënnert, ass mer opgefall, datt de Regis, wei och beim „Girl of Summer“, matspillt. De melodiéisen Input ass schlicht perfekt an mech interesséiert wéi dës Iddi entstanen ass.

Zum Regis muss ee soen, datt hien all d’Lead-Guitars vun der EP opgeholl huet. D’Leads sinn säi Wierk an et dierf ënnerstrach ginn, datt hien ee brillante Museker a Mënsch ass.

Verschidde Leit géifen déi nei Museksriichtung gäre stilistesch als „Stonerock“ bezeechnen. Fir mech huet et awer och eppes Blues-Rock. Wou gesitt dir iech?

Also mir nennen dat éischter Power-Rock. Et ass eng Mëschung vun Hard Rock a Stoner. Natierlech sinn „Bluesguitar lines“ a béide Stiler präsent, eng Influenz déi wuel vill Museker begleet.

Betreffend Kompositioun an Arrangement, wien iwwerhëlt do d’Verantwortung? A fir d’Fro ze komplettéieren, wou prouft déi am Ament?

Den Dan an ech kommen zum gréissten Deel mat den Iddie fir d’Riffs an d’Melodien. Den Ditsch këmmert sech ëm d’Rhythmesektioun an gestallt déi méi hefteg Parte fir dem Sound déi gewësse Partikularitéit ze ginn, déi eise Stil ausmëscht. Geprouft gëtt an der Rockhal, déi iwwert Raimlechkeete fir lokal Bands verfügt.

Op der Ep ass mer dann nach opgefall, datt dir am GEM-Studio opgeholl hutt an de Mike Butcher den Album gemixt huet, mee de „Mastering“ vum Tim Debney zu London gemaach ginn ass. Kanns du eis dëse Choix erkläeren?

De Studio war eng wonnerbar Erfahrung wëll mer do eng ganz Woch konnten ënnert eis bleiwen. Einfach nëmme kreativ sinn ouni Drock. Mier wëssen, datt de Mike Butcher op epeschen Albume geschafft huet a waren natierlech begeeschtert, datt hie mat eis un der EP geschafft huet. Vum Resultat kann sech jo och jiddereen iwwerzeegen. Mam Tim Debney si mer säit Porn Queen verbonnen an d’Leit zu London verstinn hire Job.

Wou mer grad beim Album sinn, wien huet iech bei der Produktioun gehollef a war et schwéier d’Finanzen zesummen ze kréien?

Dee gréissten Deel vun der Produktioun hu mer selwer iwwerholl a finanziell ënnert d’Äerm gegraff krute mer vu Focus, Sacem an dem Kulturministère. Et dierf een awer soen, ouni engem wëllen op d’Féiss ze trëppelen, datt et ëmmer schwéier ass Ënnerstëtzung fir lokal Rock Musek ze fannen.

Elo kënne mer eis virstellen, datt dir nom Release gutt fir déi kommend Open-Air Saison preparéiert sidd. Hutt der do schonn Datumer wou d’Leit iech kënnen héieren a gesinn? Et wier jo bestëmmt flott Dead Sinners um Rock-a-Field oder dem Rock um Knuedler optrieden ze gesinn.

Mier sinn bereet d’Welt de erueweren. (Laachen) Eis „Booking Agency“ schafft grad un enger Tournée déi fir Enn des Joers geplangt ass. Wat déi lokal Festivaller betrëfft, wiere mer natierlech stolz mat eisem neie Projet en Deel dervun ze sinn. Mier mussen deene Leit awer elo och Zäit loossen eis besser kennen ze léieren an dat wäert dat schonn den néidegen Interessi kréien.

Eng läscht Fro da fir eis Lieser: Dier hutt jo och bestëmmt scho Präsenz an de neie Medien an dofir misste mer dann nach wësse wou dir do ze fanne sidd an eventuell och Lidder fir den Download bereet gehale ginn.

Dead Sinners fannt dir op Instagram, Facebook an Twitter. Eng eegen Homepage misst a kierzt online goen (www.deadsinners.com) an d’Lidder sinn deemnächst dann och am Web zougänglech.

Merci fir den Interview, wëll datt wat der do maacht kléngt erfrëschend an kéint süchteg maachen.

De Pleséier war ganz op eiser Säit an mir wäerten et a Beweegung halen an iwwerall rocke wou mer Wëllkomm sinn.

Fir d’Fotoe vum Artikel soe mer dem Martine de Lagardère Merci.

Related topics Dead Sinners, Lëtzebuerg, Musék, Porn Queen, Rockhal
Next post Previous post