Search

You may also like

Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt
Neiegkeeten

Liewen an der Arktis: Wa Spruddelwaasser zum Luxus gëtt

Eigentlech hat d’Tania Gibéryen zu Lëtzebuerg Alles wouvun een dreeme

Agence-Schléissung Spuerkeess
Neiegkeeten

Agence-Schléissung Spuerkeess

Datt d‘Spuerkeess aus wirtschaftleche Grënn eelef Agencen zoumécht a sech

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler
Neiegkeeten

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler

An de fréie Mueresstonne virum Weltmëllechdag (Journée du lait) huet

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet si vum Grupp Auchan informéiert ginn, dat no engem Arrête vum 31. Dezember 2019, de Präfekt vum Departement „Morbihan“ (Frankräich) verbueden huet all Muschele vun der Zon N°56.09.3 ze fëschen, opzerafen an/oder weiderzeginn.

Dësen Arrêt bezitt sech op d‘Note DGAL/SDSSA/209-855 vum 20 Dezember 2019, laut där bei Mënschen den Norovirus festgestallt ginn ass, déi Austeren aus dëser Zon zou sech geholl hunn. Auchan Lëtzebuerg huet dës Austeren ënnert der Kennzeechnung „Huîtres creuses spéciales de Quiberon N°2“ vun der Mark MYTILIMER kommerzialiséiert.

D‘Produkt ass aus de Rayone geholl ginn, mee en Deel vun der Wuer si vun de Konsumente kaf ginn, iert Auchan op d‘Warnung reagéiere konnt. Den Norovirus ka beim Mënsch Briech-Duerchfall (Gastroenteritis) ausléisen. Aus dësem Grond roden d‘Autoritéiten de Konsumenten, d‘Fanger vum Produkt ze loossen. Bei dësem handelt et sech ëm:

Numm:  Huîtres creuses spéciales de Quiberon N°2
Mark:  MYTILIMER
Eenheet:  1,2 kg, 12 pièces
Haltbarkeetsdatum (DLC):  19.12.2019 et 21.12.2019
Lous-Nummer:  19122019 et 21122019
Bar-Code:  3000045268813
Agreement:  FR.35.132.018.CE

Nëmmen déi hei genannte Lousen an Haltbarkeetsdatumer si betraff

Matgedeelt vun der Liewensmëttelsécherheet, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Auchan, Austeren, Liewensmëttelsécherheet, Mytilimer, Norovirus
Next post Previous post