Search

You may also like

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire
International Neiegkeeten

Avis fir de Public: Reprise vum Unterrecht am Secondaire

Ausgebucht – Eng spontan Visitt um Stauséi ass net méiglech
International Neiegkeeten

Ausgebucht – Eng spontan Visitt um Stauséi ass net méiglech

Den Naturpark Öewersauer informéiert doriwwer, datt fir dëse Weekend all

Et gëtt e Metallgerüst installéiert
International Neiegkeeten

Et gëtt e Metallgerüst installéiert

D’Stad Lëtzebuerg sou wéi d’Stroossebauverwaltung (Pont & Chaussées) informéieren d’Bierger

China gënnt sech e Palais am Weltraum

Wa Kommunisten eng Weltraumstatioun „Himmlesche Palais“ nennen, mengen si dat ganz Eescht

China gënnt sech e Palais am Weltraum

Offiziell ass de Bau vun der chinesescher Weltraumstatioun Tiangong-3 ee wëssenschaftleche, also ee friddleche Projet. Der kommunistescher Partei zu Peking awer, dierft et méi ëm Nationalhoufert a Prestige goen. Zudeem huet esou ee Projet och ëmmer eppes mat Diplomatie ze dinn.

Tiangong“ steet fir Himmlesche Palais, an datt et schonn d‘Nummer dräi ass, weist eis datt och bei de Kommunisten net alles beim éischte Versuch geléngt. Elo ass et dann awer fix, de Bau vun der chinesescher Weltraumstatioun ass net méi opzehalen. Eng Rakéit vum Typ „Laange Marsch 5b“ huet dat éischt Modul vun der Weltraumgar Wenchang, op der Insel Hainan op d‘Rees geschéckt.

Tiangong

Dëse Modul mam schéinen Numm „Tianhe“ (天河) – dat bedeit esou vill wéi „himmlesche Floss“ woumadder déi d‘Chinesen d‘Mëllech-Strooss mengen – soll den Haaptdeel vun der Raumstatioun bilden, déi schonn 2022 kéint fäerdeggestallt sinn. Esou wéi een dat vun de Chinesen da gewinnt ass, ass dës Operatioun zur vollster Zefriddenheet vun der politescher Leedung duerchgefouert ginn.

Tiangong

Zéng Minutten nom Lancement, huet sech de Modul wéi ausgerechent vun der Trägerrakéit getrennt an de Modul huet seng virbestëmmten Ëmlafbunn erreecht. Domadder ass de Grondstee fir déi chinesesch Weltraumstatioun geluecht. Tianhe ass ee sougenannt Kär-Modul vu 16,6 Meter Längt an engem Duerchmiesser vu 4,2 Meter. Dräi Raumschëffer kënnen hei zäitgläich undocken.

Tiangong

An dësem Modul sinn Ënnerkënft fir dräi Astronauten enthalen. Déi kënnen sech jeeweils bis zu sechs Méint an dësem Baudeel ophalen. De Chantier iwwert eise Käpp erfuerdert allerdéngs nach eppes Efforten, well et sinn net manner wéi eelef Flich geplangt, fir d‘Raumstatioun funktionell ze maachen. Vun do aus, wëllen d‘Chinesen dann och weider Aktivitéiten am Weltraum entwéckelen.

mam Trevor James/IM-mia

Foto: © China News (CN)

Related topics China, Diplomatie, Fuerschung, Tiangong, Tianhe, Weltraum, Weltraumstatioun
Next post Previous post