Search

You may also like

D‘Stad Lëtzebuerg – Service Logement: Nëmmen nach eng Telefonsnummer!
Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg – Service Logement: Nëmmen nach eng Telefonsnummer!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert den interesséierte Public, datt et ab dem

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator
Neiegkeeten

D’ULC fuerdert d’Ariichtung vun engem Fraisen-Simulator

Sou wéi „Commission de Surveillance du Secteur Financier“ (CSSF) an

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart
Neiegkeeten

Automobilisten opgepasst: A13 iwwert de Weekend deels gespaart

D‘Aarbechte laanscht der A13 tëscht Beetebuerg an Diddeleng komme gutt

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Wann esouguer d‘Majoritéit eng Motioun areecht well de Plang ze wéineg Inhalt bitt

E Plang fir de Klima deen net iwwerzeegt huet

Et war spéit gi gëschter um Krautmaart a schold dorunner hat den „Integréierten Nationale Plang fir Energie a Klima“. E Plang dee vum Carole Dieschbourg (Ëmweltministesch) a Claude Turmes (Energieminister) virgeluecht gouf, mee esou Inhaltslos wéi onverständlech ass.

Dobäi hat d‘Carole Dieschbourg absolut Recht ze betounen, datt de Klimaplang der Regierung hir Strategie ass, fir sech der gréisster Erausfuerderung vun der Mënschheet ze stellen. Mee dann dierf dës Regierung keng Synthees vun 30 Säite virleeën, déi Inhaltlech esou wéineg Opweises huet, datt et schonn nees Versteesdemech fir déi vun den Oppositiounsparteien ervirbruechte Kritik sollt hunn.

Zimmlech gewot war et och, den Deputéierte 400 Säiten „Erklärung“ oder „Material“ um Virowend zum Debat zoukommen ze loossen. D‘Martine Hansen, Presidentin vun der CSV-Fraktioun huet dës „Frechheet“ dann och entspriechend denoncéiert. De Parteikolleeg Gilles Roth werft deenen zwee Grénge vir, et drop ofgesinn ze hunn d‘Leit ze bestrofen. Och de Claude Wiseler (CSV) huet sech kritesch zu deem wat als „Plang“ verkläert gëtt, positionéiert. An dat mat valabelen Argumenter…

Vun de „klengen“ konnt sech d‘Regierung, ugesiichts de Realitéite, dann och näischt méi erwaarden an egal wien sech erhuewen huet, et ass kee gutt Hoer un deem wat „ee Plang soll sinn“ gelooss ginn. Dobäi haten sech béid Minister drop agestallt, fir de Courage vun der Regierung d‘Klimakris unzegoen, och esou eppes wéi Bäifall an Ënnerstëtzung ze kréien. Et geet eis jo alleguerten un.

Den Applaus ass ausbliwwen. Och op der Majoritéitsbänk war wéineg Begeeschterung ze erkennen. Gutt d‘Koalitiounsparteien hunn elo net esou fest zougeschloe wei d‘Oppositioun, an awer huet et zimmlech kritesch Téin, jo esouguer deels konkret Virwërf ginn. Esou stellt de Georges Engel (LSAP) fest, datt d‘Synthees wéineg Prezisiounen enthält, dee ee sech zudeem virum Debat gewënscht hätt. Wann et Ënnerstëtzung fir de Klimaplang soll ginn, da muss dat entschidde méi transparent ginn.

D‘Motioun vun der Koalitioun

An et sinn net emol d‘Sozialisten eleng déi „onzefridde“ sinn. De François Benoy (déi gréng) huet zwar d‘Bild vun engem klimaneutrale Lëtzebuerg gezeechent: „Mir hunn eis ambitiéis Ziler gesat. (…) Elo mussen eis d‘Moyenen zur Verfügung gestallt ginn, fir datt mir dës Ziler och erreechen“, dann awer eng Motioun am Numm vun der Koalitioun ofginn, mat där d‘Regierung opgefuerdert d‘Moossnamen ze finaliséieren, déi awer nach finaliséiert a quantifiéiert musse ginn.

Dës Motioun ass iwwregens just mat de Stëmme vun de Majoritéit ugeholl ginn, wat elo och net verwonnert, wann- wéi et de Laurent Mosar (CSV) treffend bezeechent huet – all d‘Motioune vun der Oppositioun bannent Minutte vun der Majoritéit, dat mat wéineg iwwerzeegenden Argumenter, verworf ginn. Dobäi war grad d‘CSV bereet d‘Ambitioune beim Klimaplang ze ënnerstëtzen.

De Claude Wiseler huet begréisst datt ee sech laangfristeg Objektiver setzt, mee ouni matzedeele wéi een déi well erreechen, kann ee keng Zoustëmmung erwaarden. Zur Motioun mengt dann och d‘Martine Hansen: „Dës Motioun enthält vill interessant Iddien, mee et feelt erhieflech un Detailer a mir kafe keng Kaz am Sak“. Den ADR huet de Fernand Kartheiser an d‘Renne geschéckt, an hie stellt nach ëmmer d‘Roll vum Mënsch beim Klimawandel a Fro. Seng Attack ass prezis formuléiert.

Mat dësem Klimaplang géif d‘Regierung sech dem ekologesche Populismus schëlleg maachen an déi ganz Aktioun hätt just zum Zweck de Bierger e Paradigmewiessel opzezwéngen. Dat stëmmt natierlech esou net, mee wann een e Plang ouni Inhalt virleet, breet een esou Aussoen de rouden Teppech aus. De Fernand Kartheiser iwwersäit hei, datt alternativ Fakten och „populistesch“ sinn.

Déi lénk hu sech domatter zefridde ginn d‘Promotioun vun enger „grénger Finanzplaz“ ze denoncéieren. Eng Aktioun déi Finanzplaz soll gutt duerstellen, während de Pensiounsfong nach ëmmer massiv a fossil Energien investéiert, statt dëst Geld an déi ekologesch Transitioun ze stiechen. D‘Piraten dogéint begréissen d‘Besteierung vum CO²-Ausstouss a sinn esouguer der Usiicht, datt déi 20 Euro pro Tonn net duer ginn an ee sech do hätt missen anescht opstellen.

Laut dem Marc Goergen, deen sech op wëssenschaftlech Erkenntnisser stëtzt, misst des Tax bei mindestens 70 Euro pro Tonn CO² leien. Hie weist drop hin, datt dës Tax Schweden schonn 115 Euro pro Tonn ausmécht. Et wäert nach villes a Punkto Klimaplang 2020 op eis duer kommen an hoffentlech kritt de Claude Turmes nach d‘Kéier, a liwwert elo séier déi gefuerdert Detailer.

Foto: Gerhard Gellinger / Pixabay

Related topics Chamber, Klimanoutstand, Klimaplang, Klimawandel, Krautmaart, Opoositioun, Populismus
Next post Previous post