Search

You may also like

CSV verlaangt Äntwerte vum Etienne Schneider
Neiegkeeten

CSV verlaangt Äntwerte vum Etienne Schneider

Bei der gëschter am fréien Nomëtteg vun der CSV organiséierter

Westjordanland: Wou sinn se drun?
Neiegkeeten

Westjordanland: Wou sinn se drun?

An der Siidlung vun Efrat, sinn d‘Awunner fir eng Annexioun,

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client
Neiegkeeten

smile again – Ee Laache vir de Verkeefer an de Client

Um fréie Mëtteg huet den Minister fir Tourismus a Mëttelstand

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen

No siwe Joer un der Spëtzt vun der Partei „déi gréng“ ass et un der Zäit den Zepter weiderzeginn

E President muss och schmäerzvoll Entscheedungen treffen

Fir ee Personnage wéi de Christian Kmiotek, e Mann mat Wëssen a Kultur dee mat vill Geschéck an Engagement seng Partei iwwer Joerzéngte gestäipt a beschtens representéiert huet, war et mat Sécherheet keen einfache Schratt, an awer dee richtegen.

Am Kontext vun enger klenger Pressekonferenz, huet de Parteipresident vun déi gréng, gëschter seng Decisioun offizialiséiert. Hien hätt kierzlech säi 60. Gebuertsdag gefeiert, wat ee wichtegen „Datum“ am Liewe vun engem Mënsch ass, firwat een dës Geleeënheet notze sollt, fir iwwert eng Rei Saachen, wéi d‘Vergaangenheet, d‘Géigewaart a ganz besonnesch d‘Zukunft nozedenken.

Dat natierlech esouwuel am private wéi och am beruffleche Kontext, och wa Parteipresident net wierklech ee „Beruff“ ass. Woubäi de Gedanken sech politesch eppes zréckzehuelen net wierklech nei ass, an de Christian Kmiotek – esou seng eege Wierder – sech scho sechs Méint mat dëser jo kruzialer Fro erëmschléit. Et ass dann och keng einfach Decisioun, firwat se gutt iwwerluecht ass.

PresidentBeim Entscheedungsprozess huet de Politiker mat vill Charisma an erstaunlecher Wäitsiicht, sech mat senger co-Presidentin Djuna Bernard an der Fraktiounscheffin José Lorsché, wéi och de grénge Regierungsmemberen ofgeschwat. Säin Depart ass esou op de 14. Mäerz, Dag vum Landeskongress festgesat ginn. Detailer zu dësem Virgank gëtt verständlecherweis nach keng, mee et gëtt speziell…

Mat néng Mandater aus de Wahle vun 2018 déi zu véier Ministere gefouert (Sam Tanson, Carole Dieschbourg, Claude Turmes a François Bausch) hunn, stinn sech déi gréng zimmlech gutt an der politescher Landschaft. Sécher et kéint een drop hiweisen, datt et wierklech knapp ausgaangen ass, wat d‘Weiderféierung vun der Dräier-Koalitioun erméiglecht huet, mee och soss sti si sech gutt.

Wien als Nofollger esou kéint a Fro kommen

Ee wéi et de Christian Kmiotek richteg erkannt huet, gellegen Zäitpunkt fir d‘Erneierung vun der Parteispëtzt virunzedreiwen. Motivéieren, ënnerstëtzen an déi nei Talenter formatéieren, dat war eent vun de villen Ziler déi sech d‘Partei ënner der Leedung vum jëtzege President virgeholl huet, d‘Friichten dovunner sinn elo zeideg an mam Djuna Bernard hätt een de Beweis datt et geet.

Mee de Christian Kmiotek ass och op déi manner flott Momenter vun de leschte beweegte Joren agaangen. Den Dout vum Camille Gira, engem Frënd an eng zolidd Stäip vun der Partei war him immens no gaangen, an och de medezinesche Virfall vum Felix Braz, gläichfalls ee „Kolleg“ ass vum Parteipresident mat Schmäerze gelieft ginn. Op d‘Affär Traversini hätt hie gäre verzicht…

PresidentWien elo dem Christian Kmiotek säin Nofollger sollt ginn, dat steet natierlech nach net Fest an dierft bis zum Kongress och nach eppes Raum fir Spekulatioune loossen. Woubäi et eigentlech schwéier dierft ginn de Meris Sehovic (27) hei ze iwwertrompen. Deen hätt anscheinend och schonn seng Kandidatur agereecht…

Foto: Fir de mëttlerweil 60 Joer jonke Sozialpedagog a Politiker ass et elo un der Zäit den Zepter un déi jonk Generatioun weiderzereechen. Hie wäert der Partei awer net verluer goen an och weiderhin déi Wäerter, déi him wichteg sinn, an dësem Krees vertrieden. De 14. Mäerz soll de Kongress dann iwwert d‘Nofolleg ofstëmmen. © déi gréng

Related topics Christian Kmiotek, déi gréng, Nofolleg, President
Next post Previous post