Oscars: E puer Filmtipps

Den 28. Mäerz fënnt déi berüümten Oscar-Zeremonie statt, bei där Filmer a Schauspiller fir hier Leeschung geéiert ginn. Ewéi schonn an de leschte Joren sinn erëm e puer gutt Filmer dobäi, déi déi gëlle Statue wuel verdéngt hätten.

Mee dorop hu mir keen Afloss. Mir hunn alleguerten eis eege Meenung – a well mir am Streamingzäitalter liewen, kënne mir déi Nominéiert ganz gemittlech vun der Fotell ukucken.

Meng perséinlech Favoritte sinn:

Dune

D’Geschicht spillt an enger Zukunft, wou d’Mënschen op den ënnerschiddlechste Planéite liewen. Een dovunner ass de jonken Paul Atreides. Een Held.

Fir d’Zukunft vu senger Famill – a sengem Vollek ze sécheren, muss hien op deen geféierlechste Planéit vum Universum reesen. Nëmmen do, existéiert ee Réistoff, deen der Mënschheet erméigleche géing, hiert komplett geeschtegt Potenzial auszeschëpfen. Mee och déi Béis, wëllen d’Kontroll iwwert dës Substanz. An elo?

West Side Story

Ma de Steven Spielberg huet sech nawell eppes getraut. Hien huet West Side Story, ee Musicalklassiker nei verfilmt – an et gëtt tatsächlech gesongen. De Film erzielt d’Geschicht vun enger onméiglecher Léift, si kommen aus ënnerschiddleche Quartieren. An dat bedeit meeschtens Drama. Wann et sech dann nach ëm déi schlëmmsten Rivalen iwwerhaapt handelt, kéinten d’Banden iwwerreagéieren. Och gewënnt d’Léift awer?

Don’t look up

Zwee mëttelméisseg Astronomen entdecken, datt a wéinege Méint een Asteroid mat der Äerd kollidéiert. Si mussen d’Mënschen iwwert d’Medien warnen, mee déi meeschten, huelen si net eescht. Duerch de Schluss kéint een de Film als Satire ugesinn. D’Meenunge falen op jiddwer Fall auserneen.

Coda

D’Ruby huet siwenzéng Joer an lieft an enger ongewéinlecher Famill. Hatt ass dat eenzegt Meedchen an enger Famill, wat héiert. Säi Liewe besteet doranner, sengen Elteren als Dolmetscher zur Verfügung ze stoen an um Fëscherboot ze hëllefen.

Nodeems hatt d’Bekanntschaft mam Schoulchouer mécht, mierkt d’Ruby, datt hatt talentéiert am Sangen ass. Hatt ass emotional iwwerfuerdert. Decidéiert hatt sech fir d’Famill oder verfollegt hatt seng eegen Dreem?

Dernières nouvelles