E ronne Gebuertsdag: Alles Guddes un den Ierfgroussherzog Guillaume!

Wärend zu Köln den Optakt vu Karneval zelebréiert gëtt, flitt och zu Lëtzebuerg de Konfetti. S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume kritt haut 40 Joer.

Dem Adam Riese no ergëtt sech, datt den Ierfgroussherzog den 11. November 1981 op d’Welt komm ass, dat an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte. Dat éischt Kand vun der groussherzoglecher Koppel krut dobäi den Numm Prënz Guillaume Jean Joseph Marie vu Lëtzebuerg, Prënz vun Nassau a Bourbon-Parme.

Dobäi ass hien net nëmmen den zukünftege Representant vun eisem Land, Fils vum Groussherzog an der Groussherzogin a Brudder vu véier Gesëschter, mee och Mann vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie a Papp vum Prënz Charles.

Fir dëse ronne Gebuertsdag wënscht d‘Redaktioun dem Gebuertsdagskand alles Guddes, an der Famill eng schéi Feier!

Dernières nouvelles