De Samschdeg ass an der Stad demonstréiert ginn

Wéi bekämpft ee Gewalt an Topegkeet?

Datt et net ganz friddlech géing ginn, war wuel jiddwerengem bekannt, deen e bësse gesonde Mënscheverstand besëtzt.

Dofir huet d‘Police Lëtzebuerg sech fir d‘Manifestatioun, déi fir de Samschdeg, den 11. Dezember geplangt war, deementspriechend preparéiert.

Et goung ee verstäerkte Sécherheetssystem agefouert, fir eng friddlech Demonstratioun ze garantéieren. Eng Eskalatioun, ewéi déi leschte Kéier sollt vermidde ginn.

Géint 14 Auer hunn déi éischt Demonstranten ugefaangen, sech um Glacis ze versammelen. Wärenddeems sinn anerer duerch d‘Stad gezunn, fir dat sougenannten Demonstratiounsfeld ze erreechen. Natierlech war d‘Police zu all Moment op der Plaz fir d‘Situatioun ze iwwerwaachen a sécherzestellen, datt keen de Glacis, also d‘Demonstratiounsfeld verléisst.

Manif an der Stad
Police Luxembourg / Twitter

Géint 15 Auer ware ronn 500 Demonstranten uwiesend, de Rondpoint Schuman war gespaart. An dunn ass et nawell méi heikel ginn, d‘Situatioun war ugespaant. Verschidde Leit hunn hirem Frust fräie Laf gelooss, andeems si Rauchbomme benotzt hunn.

Kuerz dono hunn Demonstrante versicht, sech a Richtung Stadzentrum ze beweegen.

D‘Police huet reagéiert, d‘Demonstranten zeréckgedrängt an och d’Hëllef vu Waasserwerfer genotzt, nodeems mëndlech Warnungen näischt bruecht hunn. Dobäi goufen nonzéng Onroustëfter identifizéiert a festgeholl.

A fënnef Fäll gi Geriichtsverfaren ageleet. D’Grënn dofir sinn Opstand géint Polizisten, verbuede Waffen, Kierperverletzung a Bedreeung vun enger Persoun esou wéi d‘Weise vu Symboler oder Zeechen, déi den ëffentleche Fridden stéieren.

Manif an der Stad
Twitter

Et ass eng Tatsaach, datt an den nächsten Deeg an no weideren Analysen e puer Fäll dobäi kënne kommen. Wärend dëser Demonstratioun, déi sech ronderëm d‘Covid-Sécherheetsmoossname gedréit huet, ass e Polizist mat Knupperte ugegraff ginn, hien gouf awer net blesséiert.

D‘Situatioun ass a bleift ugespaant. Fir de Moment weess keen, wéi et weidergeet. Fest steet, datt mir aktuell op engem geféierleche Polverfaass sëtzen, deen all Moment an d‘Luucht ka goen. Et bleift ofzewaarden, wat passéiert – vu Säiten der Regierung an der Ëffentlechkeet selwer.

D’Wantermäert op der Place d’Armes an op der Place de la Constitution goufen temporär gespaart, och verschidde Stroossen waren net zougänglech.

An da gëtt gesot, d‘Chrëschtzäit, wär d‘Zäit vun der Besënnlechkeet. D‘Meenungsfräiheet ass eng Saach, et ass awer eppes anescht, wann s de Angscht hues, een Tuer mat denge Kanner duerch d‘Stad ze trëppelen.

Dernières nouvelles