Search

You may also like

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?
Neiegkeeten

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart
Neiegkeeten

(Nach) keng gréisser Verwerfungen um Aarbechtsmaart

Et gëtt masseg Sozialpläng: d‘SES, ArcelorMittal, Luxair, BCD Travel, Guardian

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China
Neiegkeeten

Cargolux reduzéiert seng Fluchfrequenz a Richtung China

Wéi d‘Direktioun vun der Cargolux gëschter matgedeelt huet, gi zur

Géint haislech Gewalt: Um Wee zum gewaltfräie Verhalen

Géint haislech Gewalt: Um Wee zum gewaltfräie Verhalen

Beim Kampf géint haislech Gewalt geet et net duer, sech eleng den Affer zouzewennen. Och d’Täter mussen aktiv agebonnen an op d’Folge vun hirem gewalttätege Verhalen opmierksam gemaach ginn. An dësem Kader hunn de Ministère fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer an d’Asbl Inter-Actions e Mëttwoch eng Konventioun ënnerschriwwen, fir eng Formatioun fir Täter ze entwéckelen.

„Nieft dem Schutz vun den Affer, Sensibiliséierungs- a Preventiounscampagnen, ass d’Aarbecht mat den Täter eng essentiell Sail am Kampf géint haislech Gewalt“, sou d’Ministesch Taina Bofferding.

Ënnert dem Numm „Ee Schrëtt géint Gewalt“ soll esou e Programm vun 80 Stonnen ugebuede ginn, deen op de Profil vum Täter a seng spezifesch Besoinen ugepasst gëtt. D’Formatioune kënnen op ëm 10 Woche verlängert ginn. Duerch Techniken, déi direkt a verschidde Situatiounen an d’Praxis ëmgesat ginn, Rollespiller an Diskussiounen soll de Männer a Fraen e Wee zum friddlechen a gewaltfräien Zesummeliewen bäibruecht ginn.

Nieft enger Ëmstellung vum eegene Verhalen sollen d’Täter schliisslech léieren, wéi eng Responsabilitéite si droen, a wat d’Konsequenze vun hire gewalttätegen Dote sinn. Dofir wäerten d’Formatioune och fir all Täter accessibel sinn. Duerch de Finanzement vum Ministère kritt Inter-Actions déi néideg Ënnerstëtzung fir Männer a Fraen op hirem perséinleche Wee a Richtung vun engem friddlechen a gewaltfräie Verhalen ze begleeden

Bei dësem neie Projet wäert d’Asbl dofir enk mat der Ekipp vu Riicht Eraus vum Roude Kräiz zesummeschaffen. Nom Gesetz vum 8. September 2003 zur haislescher Gewalt sinn si nämlech den Haaptservice an dësem Beräich.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Gaby Damjanovic, Presidentin vu der Asbl Inter-Actions; Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer © MEGA

Wat maachen wann Dir haislech Gewalt erliewen?

  • Mellt Iech iwwert d’Helpline 2060 1060 oder via Email info@helpline-violence.lu
  • Bei engem Noutfall, rufft der Police iwwert den 113 un
  • Op www.violence.lu ass eng Lëscht mat Kontakter a prakteschen Tipps fir Hëllef ze kréien
Related topics E Schrëtt géint Gewalt, Formatioun, gewalttäteg, haislech Gewalt, Inter-Actions, Konsequenzen, Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Rollespiller, Taina Bofferding, violence.lu
Next post Previous post