Search

You may also like

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?
Neiegkeeten

Eis Verbe kënne méi komplizéiert sinn, wéi ee mengt. Wéi gutt kenns du dech aus?

[onionbuzz quiz-id=186][/onionbuzz] Et deet een sech ëmmer nees op en

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir
Neiegkeeten

Éisträich: ÖVP an FPÖ stellen de Regierungsprogramm vir

Déi national-konservativ Koalitiounsregierung vun Éisträich en 180 Säiten ëmfaassenden Aarbechtsprogramm

Spärung vum Tunnel Rangwee (02.-07.04.2021)
Neiegkeeten

Spärung vum Tunnel Rangwee (02.-07.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt duerch Aarbechten un den Zuchschinnen um

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass et den eelere Mënschen duerch informativ Videoen nëtzlech Tipps a wichteg Informatiounen zum Ëmgang mam Internet, Smartphone a Co. ze bidden.

Grad elo wärend der aktueller Pandemie gräife mir méi heefeg op sozial Medien an den Internet zeréck fir a Kontakt mat eise Léifsten ze bleiwen. Dës Chance huet awer net jiddwereen – déi digital Welt ass komplett Neiland oder et versteet een esou munch Begrëffer, Knäppercher a Funktiounen einfach net.

Fir also déi digital Kompetenzen bei den eelere Generatiounen ze fërderen, Barrièren ofzebauen a jiddwereen an d’Digitaliséierung anzebannen, wäert ab haut all Mëttwoch Owend um 18:00 Auer d’Sendung „E-Senior“ op EschTV ausgestraalt ginn an esou den Zougang zu de moderne Medien erliichteren.

E-Senior

Bis Enn des Jores sinn ganzer 10 Videoe geplangt. Thematiséiert ginn den Internet, WLAN, Sichmaschinnen, Smartphone, Apps, Sozial Medien, Facebook, WhatsApp, Videouriff, Falschinformatiounen. An huet een d’Sendung emol verpasst, kann een d’Erklärungsvideoen am „Replay“ – also an der Widderhuelung – och op esch.tv fannen.

Méiglech gemaach gëtt dëse Projet duerch den Informationsbüro Escher BiBBS, an Zesummenaarbecht mat GoldenMe. D’ASBL, déi vun de Studenten Mara Kroth a Johannes Heuschkel gegrënnt ginn ass, wëll déi digital Kompetenzen un d’Generatioun 55+ weider vermëttelen an zur Zäit vun der sanitärer Kris drop hiweisen, datt de richtegen Ëmgang mat dëse Medien eng reell Chance bitt, fir d’Gesellschaft ze verbannen.

Bei Froen kënnt Dir Iech u folgend Uspriechpartner riichten:

GoldenMe

Escher BiBBS

Related topics Apps, BiBBS, digital Medien, E-Senior, Ëmgang, EschTv, GoldenMe, Johannes Heusckel, Mara kroth, Sichmaschinnen, Sozial Medien
Next post Previous post