Search

You may also like

D‘Flitterwoche sinn eriwwer
International Neiegkeeten

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

Den Donald Trump ass jo elo säit gefillten 10 Joer

Meenungsfuerscher versichen et mat Kritik (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Meenungsfuerscher versichen et mat Kritik (kommentéiert)

Et si schwiereg Zäite fir d‘Medien, well et kaum nach

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck
International Neiegkeeten

Concours vun AL: Lëtzebuerger Wierder an Ausdréck

De Lex Roth proposéiert e Spill, bei deem et drëm

E Spuenier zu Moskau

Josep Borrell verlaangt Fräiloossung vun Dissident, Russland schéckt Diplomaten heem…

E Spuenier zu Moskau

Et si scho bal véier Joer hir, datt sech en EU-Chefdiplomat an de russescher Haaptstad gewisen huet an ob et do esou eng gutt Iddi ass, direkt d‘Fräiloossung vun engem Dissident ze fuerderen a virun enger Verschlechterung vun de Bezéiungen ze warnen? Bestëmmt, et geet ëm d‘Demokratie an ëm d‘Mënscherechter.

An der gemeinsamer Pressekonferenz mat sengem russeschen Homolog, Sergej Lavrov, huet den EU-Kommissäre fir baussenzeg Ugeleeënheeten d‘Russen drun erënnert, dat mir, d‘Europäer, dee wichtegsten Handelspartner vun der russescher Federatioun sinn. Et ass tatsächlech richteg, datt de Gros vun den auslänneschen Investitiounen aus der Unioun eraus getätegt ginn.

Fir eng gemeinsam Zukunft nohalteg gestalten ze kënnen, misst ee sech bei esou wichtegen Theme wéi: Rechtsstaatlechkeet, Zivilgesellschaft a politesch Fräiheeten eens ginn; seet de Josep Borell, a vergësst ganz, datt et der EU-Komissioun net emol geléngt, dës Theme mat den eegene Memberen: Polen an Ungarn, ouni de Bäistand vum EuGH ze debattéieren. Mee dat war net Zil vun der Visite.

De Spuenier huet dem Russ erkläert, datt wéinst dem onorthodoxen Ëmgang mam Kremlkritiker Alexej Nawalny, zu Bréissel de Rimm erof läit an et scho Fuerderungen no weidere Sanktioune géint Russland gëtt. Zanter enger Rei Jore wieren d‘Bezéiungen zudeem net méi esou vertraulech, wat fir zousätzlech Spannunge suergt. Wat awer huet d‘EU gemaach fir d‘Vertrauen ze stäerken?

Ëmmer betount frëndlech

Fir de Sergej Lavrov steet ausser Fro, datt ee sech och weiderhi konstruktiv kritesch fir den Dialog asetze wäert. A Bezéiunge wier et normal, datt et zu ënnerschiddlechen Usiichte kéim. Natierlech lieft d‘Politik och vu senge Widderspréch. D‘Zäite wieren den Ament wierklech net déi beschten a gëtt ze bedenken, datt een de politeschen Dissens net sollt op d‘Wirtschaft auswäiten.

Mat der Gaspipeline NordStream2 ass dat bedauerlecherweis schonn de Fall. Hei hunn d‘USA hire „Joker“ ageworf, an et gouf gekuscht (och wann de Projet elo vun enger Fondatioun fäerdeggestallt soll ginn), de Sträit wéinst de Krim ass och nach ëmmer net vum Dësch… Do ass d‘Kausa Alexej Nawalny net wierklech dat opportuunst, wat ee bei engem éischte Besuch mat Frënn uschwätzt.

Et war awer den Grond deen den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten uginn huet, net déi méiglech Zouloossung vum russesche Covid19-Impfstoff „Sputnik V“. Déi kéint déi europäesch Medikamentenagence EMA jo wéinst „politesche“ Bedenken zeréckhalen. Ob dat als Drockmëttel schonn duer geet, wou déi ganz Welt de Vaccin dréngend brauch? Mee dorëms goung et jo net…

Decidéieren dinn et anerer

An dësem Kontext ass et wichteg emol kloerzestellen, firwat d‘EU de Josep Borrell a Russland geschéckt hunn: Fir den 22. Februar ass eng EU-Ausseministerkonferenz ugesat ginn. Bei dësem Treffe soll berode ginn, wéi eng weider Mesuren ee bereet oder gezwongen ass, géint d‘Russen anzesetzen. Do ass et selbstverständlech wichteg, wat de Spuenier un Informatiounen huet.

No den Ausseminister sinn et dann am Mäerz d‘Staats- a Regierungscheffen, déi sech mat dem russesche Problem befaasse mussen. Déi fréier „Ost-Staaten“ Ungarn, Polen a Konsorte wäerte gewinnt Sanktioune fuerderen, anerer – wéi beispillsweis Däitschland – wäerten hir wirtschaftlech Interessen an d‘Wo werfen. Um Enn wäert et wuel awer „wéinst aneren Aflëss“ Sanktioune ginn.

E Spuenier zu Moskau

Datt d‘Russen däitsch, polnesch a schwedesch Diplomaten, déi sech oppen un de verbuedenen (offiziell aus Grënn vun der sanitärer Sécherheet) Demonstratioune bedeelegt hunn, elo aus dem Land verwisen huet, hëlleft natierlech och net. Zum Gléck hu Bréissel, an wuel och all d‘EU-Memberlänner, keng Absicht sech a bannenzeg politesch Ugeleeënheete vun aneren anzemëschen.

mat indymedia/mow/bru

Foto: De Josep Borrell mam Sergej Lavrov. Et wieren net déi beschten Zäiten an der Bezéiung tëscht der russescher Federatioun an der europäescher Unioun. Stëmmt… an den Alexej Nawalny ass nëmmen e butzegt Stéck vum Puzzle. © EU/EEAS

Related topics Alexej Nawalny, Diplomatie, Europa, Josep Borrell, Russland, Sergej Lavrov
Next post Previous post