Search

You may also like

Atomtester am Pazifik: Tahiti an déi nuklear Wollek, iwwert déi erëm geschwat gëtt
Kultur Neiegkeeten

Atomtester am Pazifik: Tahiti an déi nuklear Wollek, iwwert déi erëm geschwat gëtt

Déi jéngste Verëffentlechung vum Buch Toxique vum Sébastien Philippe an

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff
Kultur Neiegkeeten

Blomeesestierwen zu Lëtzebuerg – Iwwert 370 Villercher betraff

Säit Enn Mäerz 2020 konnt och zu Lëtzebuerg e grousst

surprise
Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen
Kultur Neiegkeeten

Tierkei ermaant USA nees Visaen auszestellen

Um Méindeg huet d‘Tierkei d‘USA dozou ermaant hir Entscheedung, tierkesche

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

Beim ABC vun der Natur treffe mir op de Buschtaf B, wéi Beréngung. Wat fir de Mënsch als moudeschen Accessoire gëllt, gëtt bei de Villercher genotzt, fir méi iwwert hiren Alter, d’Verhalen an de Vullenzuch gewuer ze ginn.

Ëm 1900 hunn déi éischt Ornithologen an Europa ugefaangen, d’Vulle mat Aluminiumréng individuell z’ënnerscheeden. Zu Lëtzebuerg war et deemools de Jean Morbach, Grënner vun der Lëtzebuerger Vulleschutzliga – haut och besser als natur&ëmwelt Asbl bekannt. Hien huet an den 30er Joer ugefaangen, ier de Raymong Peltzer aus Esch-Uelzecht mam Ufank vun de 60er Joer d’Prozedur mam Netzfang verfeinert huet.

Den Aarbechtsgrupp zur Beréngung vun de Villercher war gebuer. Ab dësem Ament huet et geheescht, den Déiercher systematesch e Rank unzedoen, fir esou spéider mat de gesammelten Daten de Vullenzuch erfuerschen ze kënnen.

Mam technesche Fortschrëtt gouf et schliisslech méiglech, datt d’Vullen säit Enn den 90er Joer mat Satellitesender a Peilsender equipéiert ginn, wouduerch een all Dag hir Migratioun matverfollege kann. Dat bréngt vill nei Erkenntnisser: Ënnert anerem konnten d’Strecken an d’Iwwerwanterungsgebidder vum Schwaarzstorch erfuerscht ginn.

Zënterhier besteet eng enk Zesummenaarbecht tëscht natur&ëmwelt an dem Institut Royal des Sciences Naturelles de Belgique. Dësen Institut ass et och, deen dem Groussherzogtum d’Réng zur Verfügung stellt. Ma, bei eis ass d’Centrale Ornithologique fir alles ronderëm d’Beréngung zoustänneg.

All Joer kréie 25.000 bis 35.000 Villercher hire Rank un de Fouss. Den Aarbechtsgrupp zielt an dësem Joer 31 Mataarbechter, déi gréisstendeels op fräiwëlleger Basis schaffen, sou wéi 15 Stagiairen.

Zum Video-Projet

„E staarkt Benevolat am Naturschutz“ ass ee vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ko-finanzéierte Video-Projet. An dësem Kader gi 15 kuerz Filmer produzéiert, déi ee Mix aus Videoopnamen, Grafikinfoen a Comics bidden. Dobäi ginn, wéi an engem Lexikon, verschidden Themen opgegraff an op d’Wichtegkeet vum Benevolat higewisen.

Den éischte Video am Kader vun dësem Projet ass zum Thema Regulus Club. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics ABC, Beréngung, e staarkt Benevolat am Naturschutz, Ëmwelt, Fuerschung, Institut Royal des Sciences Naturelles de Belgique, Jean Morbach, Natur, natur&ëmwelt, Raymong Peltzer, Verhalen, Vulleberéngungsstatioun, Vullenzuch
Next post Previous post