Esch2022: Wa Schüler de Stären méi no kommen

Fir d’Ekipp hannert Esch2022 ass d’Abezéie vu Kanner a Jugendlechen, sou wéi d’Fërderung vun hiren Interessen an der Wëssenschaft an den Technologien e wichtegen Deel vum kommende mat-Kultur-gefëllte Joer. Bei engem Molconcours konnte si weisen, wéi si sech de Weltall an Zukunft virstellen a bei der Präisiwwerreechung souguer zwee richteg Astronaute kenneléieren!

Gutt 350 Schüler am Alter tëscht 6 an 12 Joer goufe gëschter an d’Maison du Savoir op de Belval begleet, fir hir eenzegaarteg Präisser entgéint ze huelen. Dobäi goung de Molconcours natierlech iwwert d’Grenzen hinaus, wouduerch Kanner aus Lëtzebuerg (Esch-Uelzecht, Beetebuerg, Déifferdeng, Diddeleng, Keel, Esch-Lalleng, Monnerech a Suessem) a Frankräich (Audun-Le-Tiche an Aumetz) ënnert de gléckleche Gewënner waren. Elo war et och esou, datt e kreatiivt Wierk vun engem Schüler déi ganz Klass beloune konnt.

Molconcours Esch2022
© Esch2022

Esou duerften 19 Klasse profitéieren. Hannert den éischt Präisser huet sech e pedagogeschen Dag am Euro Space Zenter zu Transinne (BE) verstoppt, wärend déi zweet Präisser (6x) Entréeën an de Luxembourg Science Zenter an e Stéck vun engem Meteorit waren. Déi drëtt Präisser (7x) hunn eng Visitt vum neie Planetarium am Luxembourg Space Zenter offréiert, an natierlech kruten all 250 Schüler e Billjee fir déi grouss Ouverture vun der europäescher Kulturhaaptstad de 26. Februar 2022.

Hei sinn d’Gewënner:

  • Lucie aus dem Fondamental Dellhéicht zu Esch-Uelzecht;
  • Martim aus dem Fondamental Bruch zu Esch-Uelzecht;
  • Jade, Leila a Leni aus dem Fondamental Lalleng zu Esch-Uelzecht;
  • Maria aus dem Fondamental Reebou-Schoul zu Beetebuerg;
  • Mahé aus der internationaler Schoul zu Déifferdeng;
  • Juliana aus dem Fondamental vun Déifferdeng;
  • Dario aus dem Fondamental vun Uewerkuer;
  • Guilherme aus dem Fondamental Strutzbierg, Diddeleng;
  • Joy, Santiago a Mariana aus dem Fondamental Faubourg zu Keel/Téiteng;
  • Timo aus dem Fondamental vu Steebrécken;
  • Luis aus dem Fondamental Kanner Campus Belval, Suessem;
  • Anaëlle a Sacha aus der Primärschoul J. J. Rousseau, Audun-Le-Tiche;
  • Jade a Jules aus der Primärschoul Marie Curie, Aumetz.

E groussen Highlight vun der Zeremonie sollt awer och d’Treffe mam Claudie Haigneré, der éischter europäescher Astronautin an der ISS an hirem däitsche Kolleeg Reinhold Ewald sinn. Dat erlieft een net all Dag! Aktuell bereede sech déi Zwee op eng nei Aventure vir.

Molconcours Esch2022
D’Astronaute Reinhold Ewald a Claudie Haigneré© Esch2022

Ma, aktuell zielt Esch2022 ëm 160 Projeten, wouvu gutt d’Hallschent och fir Kanner a Jugendlecher geduecht ass. Domat solle si net nëmmen en Deel vun der europäescher Kulturhaaptstad ginn, mee och nohalteg an hiren Interessen a Fäegkeete gefërtdert ginn.

Bei der Präisiwwerreechung dobäi ware S.A.R. d’Groussherzogin, de Wirtschaftsminister Franz Fayot, den Educatiounsminister Claude Meisch, den Direkter vun der Académie Nancy-Metz Jean-Marc Huart, d’Generaldirektesch vun Esch2022 Nancy Braun, de wëssenschaftlechen Direkter vum LSC Guillaume Trap an de CEO vun der Lëtzebuerger Weltall-Agence Dr Marc Serres.

Molconcours Esch2022
© Esch2022

Weider Informatiounen zur europäescher Kulturhaaptstad ginn et op esch2022.lu.

Dernières nouvelles