Search

You may also like

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)
Kultur Neiegkeeten

Spärung vum Pont Buchler (25.-28.09.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt am Kader vum Reamenagement

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren
Kultur Neiegkeeten

Covid19-Situatioun a Strukture fir Senioren

Nodeems et verschiddentlech Virfäll ginn huet, déi alt nees fir

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik
Kultur Neiegkeeten

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik

D’Escher Kulturfabrik invitéiert en Dënschdeg, de 14. Januar op säi Word

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an

„Each Mirror Has Two Sides“: D’Kulturfabrik luet op eng Ausstellung an

Et ginn ëmmer zwou Säiten – dëse Saz huet scho jiddweree vun eis selwer gesot oder héieren. D’Foto-Ausstellung „Each Mirror Has Two Sides“ vun de Fotograf*inne Paulo Lobo an Juana Valença, déi vum 1. bis den 3. Abrëll an der Kulturfabrik stattfënnt, bezitt genee op dëst Thema. Zwee Kënschtler – Dat heescht net nëmmen ënnerschiddlech Bilduniversen, mee och zwou verschidden Aarte fir iwwert d’Bedeitung vun engem Bild nozedenken. Et ass eng Saach vun der Interpretatioun.

De Paulo Lobo an d’Juana Valença wëllen net nëmmen hiert Verhalen erfuerschen, och d’Kulturfabrik selwer soll en Deel vum Projet ginn. Et ass eng Plaz mat Geschicht. En ale Schluechthaff verwandelt sech an eng kulturell Plaz voller Liewen a Konscht.

Wéi fillt et sech un mat esou ënnerschiddlech Gefiller, Energie an Erënnerungen ze spillen? Dat wëllen déi zwee Kënschtler erausfannen. Dofir ass d’Zil vun dësem Projet experimentell. Si verloossen sech op d’Intuitioun fir d’Kreativitéit erauszeloossen.

D’Iddi war tëscht November 2020 a Februar 2021 Shootingen op der Plaz ze maachen. D’Resultat ass elo ab dem 1. Abrëll 2021 an der Galerie Terres Rouges vun der Kulturfabrik ze gesinn.

Each Mirror Has Two Sides

Expo „Each Mirror Has Two Sides“ vum Paulo Lobo an Juana Valença

Weider Informatiounen

Op der Erëffnung suergt den DJ-Set vu Paulinska vun 18:00 bis 19:00 Auer fir eng musikalesch Ambiance.

Duerch déi sanitär Aschränkungen ass d’Umeldung obligatoresch. Et gëtt e Limitt vun 10 Persounen pro Zäitfënster (18 – 18:30 Auer, 19 -19:30 Auer an 20 -20:30 Auer). Den 1. Abrëll ass d’Visitt op 30 Minutte beschränkt. Umelle soll ee sech per Email un folgend Adress: mateusz@kulturfabrik.lu.

D’Ëffnungszäite sinn den 2. Abrëll vu 14:00 bis 21:00 Auer an den 3. Abrëll vu 16:00 bis 21:00 Auer. D’Droe vun engem Mondschutz ass obligatoresch, et gëllt och déi néideg Distanz anzehalen.

Weider Informatioune fannt Dir op kulturfabrik.lu.

Related topics Ausstellung, Each Mirror Has Two Sides, Expo, Fotografie, Fotoshooting, Juana Valença, Kulturfabrik, Paulinska, Paulo Lobo
Next post Previous post