Search

You may also like

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien
Neiegkeeten

Wichteg Info fir d‘Vakanz a Spuenien

Zanter dem 1. Juli mussen d‘Leit déi mam Fliger oder

Just eng Fro? Oder stécht méi derhannert?
Neiegkeeten

Just eng Fro? Oder stécht méi derhannert?

Fir déi Escher Communautéit, déi dem Kultusministère hir Suergen ënnerbreet

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung
Neiegkeeten

De Kosovo feiert den 10. Jubiläum vu senger Onofhängegkeetserklärung

Am Kosovo ginn um haidege Sonndeg d‘Zeremonië weidergefouert, mat deenen

Earth Overshoot Day: A schonns hu mir nees all eis Ressource vun engem Joer verbraucht…

Earth Overshoot Day: A schonns hu mir nees all eis Ressource vun engem Joer verbraucht…

Géif déi weltwäit Bevëlkerung esou liewen, wéi d’Residente vu Lëtzebuerg, dann hätte mir haut all eis natierlech Ressource vun engem Joer opgebraucht. Domat läit de Groussherzogtum alt nees op der traureger zweeter Plaz vum Earth Overshoot Day a lieft elo iwwert seng Verhältnisser hinaus.

Mam Bléck op déi vergaange Joren schéngt Lëtzeburg säin Trend no vir weider ze verfollegen. Hu mir 2018 nach den 19. Februar an lescht Joer nach de 16. Februar den Earth Overshoot Day erreecht, ass et an dësem Joer de 15. Februar. Domat leie mir knapp hannert dem Spëtzereider Qatar. Drëtt Plaz beleeën déi Vereenten Arabesch Emirater mam 7. Mäerz 2021.

Eis Nopeschlänner leien ee gudde Strapp hannert eis: D’Belsch huet den 30. Mäerz, Däitschland de 5. Mee a Frankräich de 7. Mee als Dag, un deem all déi natierlech Ressourcen verbraucht sinn. Ganz um Schluss fënnt een Nicaragua (2. Dezember), Ecuador (7. Dezember) an Indonesien (18. Dezember).

Earth Overshoot Day

Domat sollt ee sech net bretzen

Ëmmer erëm gëtt Lëtzebuerg als Pionéier an de verschiddenste Beräicher duergestallt, respektiv schenkt sech selwer dësen Titel. Ma, mat dëser zweeter Plaz sollt ee sech awer op kee Fall ervirhiewen. Et ass de Beweis fir iwwerméissege Konsum, Ausbeutung vun der Ëmwelt a sollt dréngend zum Handelen animéiert. Elo, an net eréischt an e puer Joer!

Earth Overshoot Day

Ma, wéi ergëtt sech dann déi Rechnung? Gekuckt gëtt déi global Biokapassitéit pro Persoun, déi laut dem Global Footprint Network 2017 bei 1,6 gha louch. Uschléissend gëtt dës Zuel duerch den ekologesche Foussofdrock vum jeeweilege Land gedeelt, an dës Zomm gëtt nees Mol 365 Deeg gerechent. Mat engem ekologesche Foussofdrock vun ëm 12,8 gha komme mir also op 365* (1,6/12,8) = 46. De 46ten Dag vum Joer ass de 15. Februar.

E bëssen ëmgerechent heescht dat fir Lëtzebuerg och, dass mir eigentlech bal 8 Äerde missten hunn, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.

Iwwregens bitt de sougenannte Footprint Calculator eng Méiglechkeet un, säi perséinlechen ekologesche Foussofdrock ze rechnen. Gekuckt ginn ënnert anerem d’Ernierung, d’Wunnsituatioun an d’Notzung vun Transportmëttel. Do kann een emol erféieren, wat fir ee Resultat erauskënnt. Gläichzäiteg sollt et awer och zum ëmdenken animéieren.

Opmaacherbild: © Guillaume De Germain / Unsplash

Related topics 2. Plaz, Earth Overshoot Day, ekologesche Foussofdrock, Global Footprint Network, Konsum, Lëtzebuerg, natierlech Ressource, Verbrauch
Next post Previous post