Search

You may also like

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…
Meenung Neiegkeeten

Dat nukleaart Arsenal soll bleiwen…

Wann et stëmmt, wat de Wall Street Journal um Weekend

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin
Meenung Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D’Strategie zur Reduktioun u Wëllschwäin

Bei der Visitt vun den europäeschen Autoritéiten hat de Grand-Duché

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen
Meenung Neiegkeeten

Phas 2: Eng weider Chance fir sech impfen ze loossen

Déi zweet Phas vun der Lëtzebuerger Impfstrategie geet lues awer

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit

Lëtzebuerg verbraucht bis zu 5 mol méi, wéi mer produzéieren

Earth Overshoot Day: Vun haut un liewe mer op Kredit

De Landwirt weess et, de Fëscher weess et de Konsument an d‘Wëssenschaftler… jidderee weess et. D‘Äerd mat senger Natur de Planzen an den Déiere sinn en Deel vun eisem Liewen. Mir brauchen se, mir profitéieren dervun. Mee oft gesäit et esou aus, wéi wa mer et net ze wierdege wéisten a stänneg iwwerdreiwe mer et.

Dat maache mer dann och zu onsen eege Laaschten. Wuel stelle mer fest, datt d‘Qualitéit vun der Loft, dem Waasser ofhëlt. Och gëtt eis bewosst datt eist Iesse belaascht ass an trotz allem verschmotze mir eis Flëss a Biedem. Mir iwwerdreiwen et, a wann d‘läscht Joer den Earth Overshoot Day nach op den 8. August gefall ass, esou hu mer alt nees sechs Deeg verspillt.

Traureg aus der Wäsch kucken a besuergt sinn iwwer „wéi et soll weider goen“ ass sécherlech eng Reaktioun. Et ass allerdéngs net déi, wou sécherstellt, datt eis Kanner a Kandskanner och an Zukunft nach eng liewenswäert Äerd hunn. An et sinn net ëmmer nëmmen déi aner schold – an dësem ganz spezifesche Fall trëfft se eis all.

Héich Zäit sech dem ganze bewosst ze ginn

Mam „Earth Overshoot Day“ kann, soll a muss een endlech ee Bewosstsinn entwéckelen, fir dergéint ze steieren. Ëmmerhin ass et den Dag wou d‘Mënschheet all déi Ressourcen opgebraucht huet, déi d‘Natur an engem Joer erneiere kann. Vun haut, dem 2. August un, gräife mer mat vollen Hänn an d‘Reserven, verbrauche wat mer eigentlech net hunn.

Wéi d‘Wëssenschaftler 1987 ugefaangen hunn den Impakt op d‘Produktiounscapacitéit am Detail ze analyséieren, war deen Dag nach den 19 Dezember. Deen Datum huet sech duerch de klammende Konsum ëmmer méi wäit no fir an de Kalenner verréckelt.

Ophale kuerzfristeg ze denken

Esou wéi et am Moment leeft, kann et net viru goen. Eisen ökologesche Foussofdrock ass eng reng Katastroph a mer steiere bewosst op d‘Mauer zou. Mat de virleiende Reserve kann een dat wuel eng Zäit laang duerchhalen. An d‘Natur huet bestëmmt Reserven (fir den Ament) woufir d‘Konsequenzen net direkt ersiichtlech sinn. An grad hei läit de Problem.

Onsen ökologesche Foussofdrock miesst, wéi vill Plaz néideg ass fir alles dat hierzestelle, vun deem mer ofhängeg sinn. Vum Äppeljus bei de Weess, vum Fleesch zum Gezei, vum Medikament bis bei den Auto. Zudeem erwaarde mer vun der Natur, datt se eisen CO2-Iwwerschoss schléckt. Mir verbrauchen awer monter fossil Brennstoffer, wéi wann dës onendlech zur Verfügung géife stoen. Haut läit eise Karbon-Foussofdrock wäit iwwer 50% vun der Moyenne, op déi ganz Mënschheet gerechent.

D‘Nouvellen si net gutt

Kleng Länner sinn dann och méi staark betraff. Lëtzebuerg, mat enger verhältnesméisseg klenger Bio-Kapassitéit, erreecht säin „Overshoot Day“ da logescherweis vill méi fréi wéi aner Länner. Trotz alle Mesuren an mat de beschte Virsätz de Wuesstem och ökologesch an enger gewësser Balance ze halen, verbraucht Lëtzebuerg tëscht 3,5 a 5 mol méi wéi et seng Ressource kann erneieren.

Mir hunn dann awer och sécher e Recht op Liewensqualitéit. Sollten an deem Zesummenhang awer erkennen, datt déi Qualitéit sech net iwwert eleng de Konsum erhale léisst. An der Relatioun zu enger gesonder Natur an Ëmwelt misst engem bewosst sinn, datt Manner ebe Méi ass.

Den Amerikaner ass kee gutt Beispill

Wann déi gesamt Mënschheet hiert Liewen nom amerikanesche Modell géif gestalten, bréichte mer fënnef Äerden. Elo ass dat just ee Fakt, net awer eng Rechnung déi opgeet, well mir a besonnesch d‘Mënschen an den Entwécklungslänner net esou liewen. Et mécht awer däitlech, wat fir en Impakt den onbegrenzte Konsum op den ökologesche Foussofdrock huet.

Domadder ass dann och net alles esou schlecht wéi et den Uschäin huet. Mer mussen eis just dem Challenge stellen a mat Verstand handelen. D‘Zukunft läit an eiser aller Hand. Eng global Debatte muss gefouert ginn an et ass och gewosst, dat mam gudde Beispill virgoen, anerer zum matmaachen ermontert. Dofir ass et net emol noutwenneg en Ëmwelt-Idealist ze sinn, et geet schonn duer ee Realist ze sinn.

Related topics Ëmwelt
Next post Previous post