Editorial: Et soll een de Donald Trump op Twitter blocken
Datt dem Donald Trump seng Tweets scho virun der Covid19-Pandemie
Datt dem Donald Trump seng Tweets scho virun der Covid19-Pandemie
D’Pëll ass a bleift eent vun de beléiftesten Verhütungsmethod zu
An dat ass deen, dass Persounen, déi bis ewell schonn déi éischt Dosis vum Vaccin kritt hunn, och eng Zweet kréien. Et wier just eng reduzéiert Unzuel un Impfungen disponibel, an déi géif een fir dës Patiente reservéieren.
An dësem Kader hunn d’Sozialpartner ervirgehuewen, dass si aktiv un der Impfcampagne deelhuele wëllen. Sief et fir de Vaccinen hire Memberen schmackhaft ze maachen, respektiv Méiglechkeeten ze fannen, fir d’Impfungen an den Entreprisen ëmzesetzen.
(v.l.n.r.) Anne Calteux, Generelkoordinatrice beim Gesondheetsministère; Anouk Agnes, ekonomesch Beroderin vum Premierminister; Xavier Bettel, Premierminister; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch © ME
Wéi de Xavier Bettel nach emol ënnerstrach huet, ginn d’Impfungen op fräiwëlleger Basis gemaach. Kee ka gezwonge ginn, och keen Employé vun sengem Employeur. Ëmsou méi wichteg wier et duerch Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht déi eenzel Persounen zu dësem Schrëtt ze encouragéieren. Dofir wier et eng Iddi, dass d’Personaldelegéiert sech an d’Diskussiounen ëm d’Impfung abréngen.
E weidert Thema vum Echange war déi mental Gesondheet vun den Salariéen. De Lockdown an och den Teletravail hu verschidde Persounen psychesch getraff. Dass dat professionellt an dat privat Liewe sech ze vill vermëscht, gëtt oft als negativ empfonnt.
Reegelméisseg Diskussiounen tëscht de Sozialpartner an de Ministeren sinn essentiell. Um Programm vun der nächster Reunioun steet déi finanziell a sozial Situatioun zu Lëtzebuerg.
Den OGBL gouf representéiert vum Nora Back, den LCGB vum Patrick Dury a Christophe Knebeler, d’CGFP vum Romain Wolff a Steve Heiliger an d’UEL vum Michel Reckinger a Jean-Paul Olinger.
Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Anne Calteux, Generelkoordinatrice beim Gesondheetsministère; Anouk Agnes, ekonomesch Beroderin vum Premierminister © ME