Search

You may also like

Déi 25. Editioun vum POST-Laf steet un
Kultur Neiegkeeten

Déi 25. Editioun vum POST-Laf steet un

Si ass déi weltwäit schéinste Course déi all Joers vun

ARC Kënschtlerkrees – Expo am Casino 2000
Kultur Neiegkeeten

ARC Kënschtlerkrees – Expo am Casino 2000

Nach bis den 10. Oktober stellen 18 Kënschtler an een

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn
Kultur Neiegkeeten

Bréissel: no Ausenanersetzunge mat der Police si 400 giel Gilete verhaft ginn

Net nëmmen am Frankräich ass sech e Samschdeg nees zolidd

Echter’Jazz am Trifolion – Den 30. Abrëll gëtt musikalesch!

Echter’Jazz am Trifolion – Den 30. Abrëll gëtt musikalesch!

Am Kader vum UNESCO International Jazz Day luet den Triofolion Iech e Freideg, den 30. Abrëll um 19 Auer op den Echter’Jazz an. Zwee exzellent Jazz-Ensembelen wäerten Iech an dës magesch Musekswelt entféieren, déi schonn fir sou munch Héngerhaut gesuergt huet.

Den 30. Abrëll 2021 kënnt dem Greg Lamy säin Album „Observe the silence“ op de Maart. Esou kréie mir en Abléck a seng Zesummenaarbecht mam italieneschen Trompettist Flavio Boltro. Do kann ee scho gespaant sinn, wéi d’Musek klénge wäert. Gittar, Trompett, Bass a Batterie wäerte fir eng eenzegaarteg Atmosphär suergen.

Dräi musikalesch Stëmmen, een Projet: Mam Paolo Fresu, dem Omar Sosa an dem Trilok Gurtu gëtt et traditionell a progressiv. Dësen Trio verbënnt Musekelementer aus Indien, Italien an Kuba. Mat hiren Interpretatioune ginn nei Kulturen entdeckt a Grenzen erfuerscht. Dës Léift zu der Musek wëllen si mam Publikum deelen.

Dat ganzt Event dauert ongeféier 120 Minutten (mat enger Paus vun 20 Minutten).

Tickete fir de spektakulären Echter’Jazz den 30. Abrëll 2021 am Trifolion zu Iechternach ginn et op www.luxembourg-ticket.lu, ënnert der Tickethotline (00352) 47 08 951 an bei alle bekannte Virverkafsplazen.

Opmaacherbild: © Massimo Mantovani

Related topics Echter Jazz, Festival, Flavio Boltro, Greg Lamy, Musek, Omar Sosa, Paolo Fresu, Trifolion, Trilok Gurtu, UNESCO International Jazz Day
Next post Previous post