Search

You may also like

Tëscht EU a Kreml passt keen Timber méi
Kultur Neiegkeeten

Tëscht EU a Kreml passt keen Timber méi

Als Reaktioun op déi an den EU-Sanktiounen enthalenen Areesverbueter, huet

Keng Zäit, an dat fir näischt
Kultur Neiegkeeten

Keng Zäit, an dat fir näischt

Den Nico Helminger gouf déi lescht Woch mam Servais Präis

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

Ee mitigéierten Erfolleg fir den Echter‘Classic Festival

Ee mitigéierten Erfolleg fir den Echter‘Classic Festival

De Festival vun der klassescher Musek zu Iechternach, ass dee Rendez-vous fir d‘Frënn vun der gehuewener Ënnerhalung, a bitt all Joers ee wierklech méi wéi interessante Programm. Dëse riicht sech nieft den Zeenekenner och un ee méi jonke Public. D‘Editioun 2021, war esou de kulturellen Héichpunkt vum leschte Weekend.

Firwat dann awer wesentlech manner säitens dem Public bestanen huet – déi sechs Concerte ware schonn eenegermoosse besicht – huet natierlech och en Zesummenhang mat der nach ëmmer bestoender Pandemie. Esou sinn déi eng net komm, well se der „Saach“ nach net trauen, déi aner hunn sech vum CovidCheck ofhale gelooss. Dat ass besonnesch dann immens schued, wann ee feststellt, datt alles ganz einfach war a d‘Leit vum Trifolion wéi gewinnt op der Héicht waren…

Dat gesot, wenne mir eis dem Eigentlechen zou: der Musek. Den Optakt vum Festival um Freideg, huet „Sinfonietta Echternach“, vun der Iechternacher Museksschoul, op sech geholl an si hunn, wéi sollt et och anescht Sinn, hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. Och déi ausgewielte Wierker, haten sech dem Zäitgeescht, fir net Aktualitéit ze soen, ugeholl. Esou dräi Zeenen aus dem Igor Stravinski senger „Geschicht vum Zaldot“, dem Kazmierz Serocki seng „Sonatina“ Posaun an Orchester, dem Dmitri Shostakovich seng „Jazz Suite N°2“ an den George Gershwin seng Evergreens: „An American in Paris“ an dat onvergiesslecht „Porgy & Bess“. Wéi gesot, en usprochsvolle Programm.

Echter‘Classic Festival

Um Samschdeg ass et am spéiden Nomëtteg mat Trio Yano-Schall-Kravos an der Kierch „Pier a Pol“ weidergaangen. Och hei een eemolege Kader an deem sech d‘Ryoko Yano, d‘Anik Schwall an d‘Zala Kravos, d‘Artisten „en Residence“ vum Trifolion, nach emol engem opmierksame Public zouwenne konnten. Si haten sech un de Wierker vum Clara Schumann an dem Antonin Dvorak orientéiert an hunn esouwuel begeeschtert wéi iwwerzeegt. Vun hinne wäert een nach héieren.

Echter‘Classic FestivalTrio Yano-Schall-Kravos © Martine de Lagardère / moien.lu

Den „Headliner“ um Samschdeg war de Kit Armstrong & Armida Quartett. Den 30 järege Pianist ass eng perfekt musikalesch Symbios mat de Straicher vum Armida Quartett agaangen. Et war eng grouss Rees an d‘Déifte vu de klassescher Musek, an déi ausgewielte Wierker: dem Felix Mendelssohn Bartoldy säi „Cappricio op.813“, dem Johannes Brahms säi „Straichquartett N°3“, wéi och dem Antonin Dvorak säi „Piano-Quintett“, hu fir Kuerzweil gesuergt. Dës zwou Stonnen si wéi am Fluch vergaangen an de Concert selwer wäert eis allen nach laang an Erënnerung bleiwen.

Echter‘Classic FestivalDen Ensemble Masques an der Prouf an der Basilika © Martine de Lagardère / moien.lu

Um Sonndeg huet de Cuarteto SolTango zum musikaleschen Apero agelueden, an och si hätten eng gréisser Audienz verdéngt gehat. Méi Authentizitéit fir den Tango dierft engem hei am Land net oft gebuede ginn. Perfekt an der Balance hunn och dës genial Museker d‘Zäitgefill aus den Angele gehuewen. Um Nomëtteg huet den „Ensemble Masques“ de Publikum mat op eng Rees duerch dat musikalescht 18. Joerhonnert entfouert. De Schauspiller Julien Campani huet hei och Auszich aus deemolege Korrespondenzen zum Liewen erwächt. Och dat eng Virstellung déi onvergiess bleift.

Echter‘Classic Festival

Alles huet Enn. Och dee schéinste Festival muss en Ofschloss fannen, an dëse war am Atrium vum Trifolion. Déi véier Straicher vum „Vision String Quartett“ – si spillen, ausser dem Cellist, all am stoen an natierlech ouni Nouten. Den Attribut „erfrëschend anescht“ trëfft et op de Punkt. Datt si keng Noute brauchen, kann dorunner geleeë sinn, datt si hir eege Wierker virdroen, an awer stellen si déi klassesch Concertswelt eppes op d‘Kopp. Dem Public huet et gefalen an et dierf méi dëser Kënschtler ginn, déi absolut d‘Potential hunn, der Jugend loscht op „déi aner“ Musek ze maachen.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

mam Anne-Marie, Mathieu a Serge

Related topics Echter‘Classic Festival, klassesch Musek, Kultur, Trifolion
Next post Previous post