Search

You may also like

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App
Kultur Neiegkeeten

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App

Déi mobil Applikatioun CovidCheck huet nei Funktiounen Opweises. Esou kann

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes
Kultur Neiegkeeten

D‘EU-Parlament an de Viktor Orban: E géigesätzlecht Rechtsverständnes

Et dierft keen agreabelen Dag fir d‘EU-Deputéiert zu Stroossbuerg ginn.

D’Regierung bedreift Desinformatiounspolitik
Kultur Neiegkeeten

D’Regierung bedreift Desinformatiounspolitik

Zanter e puer Woche bedreiwe verschidde Regierungsmemberen eng bewosst Desinformatiounspolitik,

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz

Duerno och am Aale Stadhaus an am Artikuss

„Ecological Anxiety Disorder“ um 18. Mäerz am Opderschmelz

De Lëtzebuergesch-franséische Grupp Eddi van Tsui luet an op eng Expeditioun duerch d’Ozeaner, mat Visitt vum siwente Kontinent – deen aus Plastik. D’Theaterstéck „Ecological Anxiety Disorder“ wäert säin Ufank den 18. Mäerz 2021 zu Diddeleng am Opderschmelz maachen, ier et weider duerch Lëtzebuerg geet.

Mythologie, Geschicht oder Realitéit? De Spectateur gëtt hei op eng reegelrecht Odyssee, voller Poesie matgeholl. Mënschlech Ängschten, zäitgenëssesch Problemer an d’Verschmotzung vun der Ëmwelt gi sech hei d’Hand an treffen op d’Monsteren aus dem Mier.

De Grupp Eddi van Tsui, dee sech ronderëm d’Sandy Flinto an de Pierrick Grobéty gebilt huet, ënnerscheet sech duerch seng zäitgenëssesch Handschrëft an ee staarke visuellen a klangleschen Impakt. Inspiréiere loosse si sech vun de verschiddensten artistesche Beräicher.

Weider Informatiounen

D’Datumer vum Theaterstéck „Ecological Anxiety Disorder“ sinn déi Folgend:

  • Opderschmelz: 18. Mäerz 2021 um 20 Auer
  • Aalt Stadhaus: 23. Abrëll 2021 um 20 Auer
  • Artikuss: 11. Juli 2021 um 20 Auer

Dëst Theaterstéck gouf am Kader vun der Erëffnung vum 12. Kongress vun der International Association of Word and Image Studies (IAWIS) zum Thema „D’Mier an d’Waasser“ realiséiert. Et ass eng Produktioun vun der S&P Context Asbl an DA’30, eng Koproduktioun zesumme mat der Kulturfabrik, mat Participatioun vum Catarina Barbosa a Zuzana Kakalikova.

Weider Informatioune ginn et op www.kulturfabrik.lu.

Related topics Diddeleng, Ecological Anxiety Disorder, Eddi van Tsui, Eko-Angscht, Ëmweltverschmotzung, Opderschmelz, Plastik, siiwente Kontinent, Theater
Next post Previous post