Search

You may also like

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen
Neiegkeeten

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen

Den 8. Februar hat am Kino „Prabbeli“ zu Woltz den

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
Neiegkeeten

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

Brexit Hardliner an Euro-Skeptiker dreet der EU mat Sabotage
Neiegkeeten

Brexit Hardliner an Euro-Skeptiker dreet der EU mat Sabotage

Am Brexit huet bis ewell vun allem ginn, a wien

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

An dëser Ausgab vum EDI – Infomagasinn fir Elteren geet et ënnert anerem ëm d’Auswierkungen, déi de Coronavirus op déi Jonk huet a wéi mir fir e bessert Wuelbefanne kënne suergen. Dëse Guide ass vum Educatiounsministère a concernéierte Servicer ausgeschafft ginn.

Nieft der Helpline 8002-9393 kann e sech am Guide nach renseignéieren, wou een déi richteg Hëllef an Ënnerstëtzung fir Kanner an Nout kann ufroen.

Aner Theme sinn ënnert anerem d’Lies-Campagne, déi jonk Kanner an Teenager d’Freed um Liese soll vermëttelen oder méi no bréngen. Firwat ass Kreativitéit sou wichteg? Firwat ass déi franséisch Sprooch magesch? Firwat léiere mir Musek an der Schoul? Och des Äntwerte sinn am neien EDI ze fannen.

Déi nei ëffentlech Europaschoul zu Miersch an e Campus fir e laangt Léieren um Belval gëtt virgestallt. A Beruffsichend fanne villäicht déi passend Offer beim Duerchbliedere vum Magasinn.

Dës knapp 35 Säiten si mat den ënnerschiddlechsten Theme vollgepaakt – Konflikter, Drogen, Kommunikatioun – fir all Problem schéngt et eng Léisung ze ginn.

Dësen informativen Elteremagasinn gëtt un d’Eltere vu Kanner aus dem Fondamental an dem Lycée verschéckt. Kompetenzzentrumen an d’Beruffsausbildung kréien och eng Ausgab. Ausserdeem ass et méiglech de Magasinn op www.men.lu an edi.men.lu erofzelueden.

Related topics Auswierkunge, Coronavirus, EDI, Educatiounsministère, Ënnerstëtzung, Guide, Infomagasinn fir Elteren, Liesen, Sprooch
Next post Previous post