Search

You may also like

Den Trump elo Ofsetzen!
Kultur Neiegkeeten

Den Trump elo Ofsetzen!

Et ass jo elo net esou wéi wann d‘Demokraten et

De SYVICOL huet Fuerderungen
Kultur Neiegkeeten

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen
Kultur Neiegkeeten

#act4support: Eng Campagne zur Ënnerstëtzung vu Jugendlechen

De Coronavirus a d’Verännerungen an eisem Liewen sinn eng schwéier

Nei am Verlag Guy Binsfeld: „Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“

Geschichten an Erzielungen vum Guy Rewenig

Nei am Verlag Guy Binsfeld: „Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“

Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch ass den Titel vum Guy Rewenig sengem neien Erzielband. Et ass déi drëtt Publikatioun an domat den Ofschloss vun enger Serie, déi am Verlag Guy Binsfeld erauskomm ass.

A senger neier Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge bleift de Guy Rewenig der Linn vun Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015) an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns (2017) trei. Mat vill Wuertwitz, Situationskomik an absurde Momenter entwéckelt hien e klenge Panorama vum Liewen zu Lëtzebuerg, stellt dobäi skurril, verdreemten, traureg oder queesch Personnagen an de Mëttelpunkt.

Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereien um Familljefest op Neijooschdag, eng Vakanzerees mat Grousselteren an Enkelkanner, bedreelech Ereegnesser bei engem Patientebesuch am Spidol, zwee fréier Schoulkolleegen, déi sech no laanger Zäit op enger niwweleger Parkplaz erëmbegéinen, e Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, de kreative Virschlag vun iessbare Bicher, en Auteur, deen e Buch iwwer Näischt geschriwwen huet, oder och eng Koppel, där hire Sonndesausfluch op de Stauséi ëmmer méi zu enger logistescher Erausfuerderung gëtt:

Well ech mir sécher sinn, datt d’Mustike sech all Kéier op eis gefëllte Streisele puchen an duerno eis Schëlleren attackéieren, pake mir keng gefëllte Streisele méi an, wa mir op de Stauséi fueren. Well ech iwwerzeegt sinn, datt d’Mustike sech nëmme méi hallef sou benzeg behuelen, wa si eis gefëllte Streiselen net méi als Trampolin benotze kënnen, sinn ech am Fong zefridden, datt mir eise Stauséimenü geännert hunn.

Well mir zanter Joren all Sonndeg um Stauséi eng Räiszalot an e gefëllte Streisel giess hunn, ass et awer guer net einfach, deen Ëmschwong ze verquëssen an eis domat ofzefannen, datt no der Räiszalot elo op eemol kee gefëllte Streisel méi an eiser Killbox läit.

D’Texter hu verschidde literaresch Formen: Et ass Erzielprosa dobäi, mä och Mono- an Dialoger gehéieren zum Repertoire, all an der Lëtzebuerger Sprooch. D’Geschichten, déi se erzielen, pendelen tëscht Tragik a Komik hin- an hier an dacks ass näischt, wéi et ugangs schéngt …

Zum Auteur

De Guy Rewenig, 1947 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Säi Repertoire reecht vun Erzielungen, Geschichten, Romaner a Lyrik iwwer Texter fir Kanner bis zu Theaterstécker, Cabaret an Essayistik an hie gëllt als de Begrënner vum neie lëtzebuergesche Roman.

Guy BinsfeldDen Auteur Guy Rewenig

Weider Informatiounen zum Buch

Guy Rewenig
„Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch“
Geschichten an Erzielungen

  • 320 Säiten
  • 145 x 225 mm
  • Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen
  • ISBN 978-99959-42-67-0 24 €
Related topics Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch, Editions Guy Binsfeld, Erzielband, Erzielung, Geschichten, Guy Rewenig, Literatur
Next post Previous post