Search

You may also like

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg

Et ass an et gëtt nach ëmmer vill iwwert den

money
Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen
Kultur Neiegkeeten

Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen

1969 huet den éischte Jumbo-Jet 747 den Himmel eruewert. De

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert
Kultur Neiegkeeten

Endlech… d‘Peppenger-Strooss zu Beetebuerg gëtt reamenagéiert

Nodeems am Beetebuerger Gemengerot den 13. Juli den definitive Projet

Nei bei Editions Phi: Kanner, Masken, Halloween

Nei bei Editions Phi: Kanner, Masken, Halloween

Passend zum Oktober bréngt Editions Phi dat neit Kannerbuch „Kanner, Masken, Halloween“ vum Viviane Daman eraus.

De Steve, d’Sarah, de Pol an de Pascal sti virun hirer Hausdier, prett fir „Happy Halloween“ wënschen ze goen an an engems hiren Noperen Angscht ze maachen. Si wëssen awer nach net, datt si déi sinn, déi fäerte mussen. Well et lafen dräi geféierlech maskéiert Jongen duerch d’Stroossen.

D’Buch huet 48 Säiten a gëtt zu engem Präis vu 16,00 € verkaft.

ISBN: 978-2-919791-28-6

Zur Auteurin

D’Viviane Daman ass zu Nidderkuer an d’Primärschoul, dunn siwe Joer an den Escher Meedercherslycée gaangen. Uschléissend huet si hire Biochimiestiudium zu Stroossbuerg ofgeschloss.

An der Gemeng Péiteng war si 15 Joer laang Chargée de Direction an der Primärschoul, hat dunn vun 2003 bis 2013 eng Librairie zu Esch/Uelzecht. D’Viviane Daman huet zwee Kanner, en Hond an eng Kaz.

Opmaacherbild: © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Buch, Editions Phi, Gruselgeschicht, Kanner Masken Halloween, Péiteng
Next post Previous post