Search

You may also like

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch
Kultur Neiegkeeten

Europa „not amused“ iwwert Trump Besuch

Et war net dee wäermsten Empfang, deen den Trump zu

dislikegeek
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
Kultur Neiegkeeten

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

Heavy Metal aus der Mongolei – Traditioun trëfft op haart Musek
Kultur Neiegkeeten

Heavy Metal aus der Mongolei – Traditioun trëfft op haart Musek

Ënnerhalb vu kuerzer Zäit hu si mat nëmmen zwee Videoen

Nei bei Editions Phi – Menschen ohne Adresse

Nei bei Editions Phi – Menschen ohne Adresse

“Den Auteur erzielt dervun, ewéi wärend dem Krich Loscht nom Morde kënnt a wéi d’Moral virun der Muecht virum Bestialesche weeche muss, wouduerch d’Mënschlechkeet u sech an de Sënn vun der mënschlechen Existenz a Fro gestallt gëtt. Déi linear fléissend Erzielung liwwert eis vu Buch zu Buch beandrockend Biller an Dialoger a schaaft esou eng Geschicht, déi nach laang nohaalt an eng Literatur, déi eis weist, wat an de Chroniken a Joerbicher eiser Zäit net verzeechent wäert sinn.”

De bosneschen Originaltext “Menschen ohne Adresse” gouf mam Präis vum Kulturminister vun der Federatioun Bosnien an Herzegowina ausgezeechent. D’Buch huet 128 Säiten, ass an däitscher Sprooch a kascht 17 Euro. (ISBN 978-2-919791-33-0)

Iwwer den Auteur:

De Faiz Softić gouf den 10 Januar 1958 an Vrbe bei Bijelo Polje am Norden vu Montenegro (Sandžak) gebuer. Seng Schouljoer huet den Auteur an Mostar a Sarajewo verbruecht. Seng éischt Schreifversich ware mat 6 Joren, zanterhier huet en d’Schreiwen net méi lassgelooss.

Seng etlech Bicher goufe mat Literaturpräisser präméiert a befannen sech zum Deel op de Léierpläng vu Bosnien, Herzegowina, Kosovo an Sandžak. De Bosniekrich huet en zu Sarajewo agespaart – do ass e bis zu Lescht bliwwen. 1995 koum hien op Lëtzebuerg,  wou e säi literarescht Schaffe weider féiert. Hien ass Chef-Redakter vun der Zeitung “Bihor”, déi zu Lëtzebuerg op Bosnesch a Franséisch erschéngt.

http://www.editionsphi.lu/fr/

Related topics Editions Phi, Faiz Softic, Menschen Ohne Adresse, Roman
Next post Previous post