Search

You may also like

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert
Meenung Money

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Wéi d’Douane an de Wirtschaftsministère matdeelen, hunn déi zwee Hollandse-Herder-Geldspierhënn

D‘Schoul fänkt haut nees un
Meenung Money

D‘Schoul fänkt haut nees un

Ab haut ginn d‘Ofschlossklassen nees an d‘Schoul, nächste Méindeg soll

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen
Meenung Money

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen

money

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

Editorial: a wat wann et 2019 zur Finanzkris kënnt?

D‘Experte schéngen sech eens ze sinn: 2019 kënnt et zur Wuesstemsbrems an den US-Dollar gëtt ofgewäert. Alles Zeechen déi däitlech drop hiweisen, datt et op de Bourssen zimlech ongemitterlech ka ginn. Stagnéiert d‘Konjunktur kréien d‘Aktiemäert d‘Gripp wat séier zu Kettereaktioune féiere kann, firwat d‘Experte vun engem Abroch vun de Mäert an Héicht vun 30% ausginn.

Mat anere Wierder, 2019 ass kee Joer, wou ee säi Geld an Aktië stieche soll. Ganz béis Zonge ginn esouwäit a behaapten, et wier am beschte guer keng ze hunn. Dat ass décken Tubak, a mat gréisster Virsiicht ze genéissen. D‘Analys ass bestëmmt net verkéiert, an et gëtt vill Beräicher, vun deenen een tatsächlech 2019 d‘Fangere loosse sollt, oder se de Fall gesat, besser huet erauszehuelen.

Mee esou gutt a realistesch den Experten hir Analys och ass, esou geféierlech ass se och. Dës Ausso huet schliisslech en Impakt. Et kann ee beispillsweis ënnerstellen, datt dës Informatioun geziilt gestreet gëtt, fir Mënschen déi veronséchert sinn, zu deels oniwwerluechte Reaktiounen ze verféieren. Dat kéint esouguer d‘Antriede vun der Finanzkris beschleunegen, an do läit d‘Gefor.

Dozou muss ee wëssen, datt Wirtschaftsprognosen an de seelenste Fäll zoutreffend sinn. De Maart huet seng eege Reegelen. Déi kënnen awer mat esou „Expertemeenungen“ séier ausgehiewelt ginn. Richteg ass dogéint, datt d‘Banken aus der Finanzkris 2008 näischt geléiert hunn – ausser datt se „systemesch“ sinn, a mat Steiergelder musse gerett ginn – an nach méi Risikogeschäfter aginn.

Déi sougenannte „Casino-Mentalitéit“ vun de Banker, ass dann och déi eigentlech Gefor, an et schéngt kee Mëttel dogéint ze ginn. A grad do wou mat onbeschreiflechen Zommen hantéiert gëtt, de Gestionnaire säi Boni iwwert d‘Primme kasséiert, gëtt ouni Récksiicht op Verloschter gezockt, datt et nëmmen esou niwwelt a kraacht. Et ass jo net dat eegent Geld datt si riskéieren.

Fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg, ass dat eng Informatioun déi net op déi liicht Schëller dierf geholl ginn. Gutt d‘Banke bezuele kaum Steieren, mee awer. A wann een emol vun de Steieren ofgesäit, och op de Banke schaffe Mënschen déi net „privilegiéiert“ sinn, wëll soe vu Dram-Bonie profitéieren. Am Fall vun enger Kris, sinn hir Aarbechtsplazen den éischten Dominosteen dee fält.

Elo dierfte vill Leit ee fir verréckt halen, esou eppes ze schreiwen, wëll et ass den Aktiemäert 2018 gutt gaangen, zumindest wann ee sech op den Dow Jones bezitt. Et gëtt masseg Aarbechtsplazen an net genuch qualifizéiert Personal. Wouhier also déi Panik? Ma wëll ausser enger onverständlecher Aussenhandelspolitik vun den Amerikaner, 2018 och d‘Joer vum massiven Aarbechtsplazofbau gëtt.

Esou an der Automobilindustrie, wou Ford schonn emol ugekënnegt huet dausende Mataarbechter ze entloossen, an esouguer Fabricken an Europa ze schléissen. Jaguar-Landrover wëll 2019 bis zu 2,5 Milliarden Euro aspueren, an de Wee dohinner féiert iwwert d‘Entloossung vu bis 5.000 Leit. Dat huet en Impakt op d‘Stolindustrie, vu wou aus och Restrukturéirungsmoossname gemellt ginn.

Zudeem ass net gewosst, wéi den Impakt vun der Digitaliséierung, der industrieller Revolutioun 3.0 an den generellen Afloss vun Industrie a Wirtschaft op d‘Politik, sech auswierkt. Et ass an dësem Fall bal wéi mam Klimawandel, et weess ee wat op een duer kënnt, mee et bleift ee séileroueg an der Fotell sëtzen an et hofft een dat näischt geschitt. Mee de Klima verännert sech lues…

Related topics Aktien, Banken, Bourse, Casino, Finanzkris, Risikokapital
Next post Previous post