Search

You may also like

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie
Meenung

Héich Infektiounszuele beonrouegen d‘Hotellerie

Well sech an de leschte Wochen d‘Zuele vun den Neiinfektiounen

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren
Meenung

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren

Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt
Meenung

Tierkei huet seng S400 vu Russland geliwwert kritt

Well d‘Tierkei net agesäit firwat se deiert US-Material kafe sollt,

Editorial: Der Aarbechtsinspektioun op d‘Féiss getrëppelt

Editorial: Der Aarbechtsinspektioun op d‘Féiss getrëppelt

Well se et mat de Beschëllegunge géintiwwer der Aarbechtsinspektioun (ITM) bei „Luxprivat“ iwwerdriwwen hunn, gesäit sech d‘Administratioun gezwongen ze reagéieren. „Et ass un der Zäit d‘Wourecht nees hierzestellen“, esou de Communiqué aus dem Aarbechtsministère.

An et dierf een dann och dovunner ausgoen, datt ee bei der ITM de gréisste Respekt virun der Pressefräiheet huet, esou laang se sech un d‘Gesetzer hält. Datt et engem iergendwann duer geet beschass ze ginn, dat sollt ee novollzéie kënnen.

Wann dann och nach d‘Mataarbechter vun der ITM Beschëllegungen ausgesat sinn, déi esou wéi vu Luxprivat beschriwwen einfach net kënne stëmmen, da muss engem esouwuel bei der ITM wéi um Ministère de Kolli platzen. Dobäi ass et näischt „Perséinleches“ tëscht der ITM a Luxprivat, et geet dach just ëm d‘Geschäft.

An ëm wat ass et gaangen? D‘ITM huet sech en Déngschtwon zougeluecht an hat net bei Luxprivat nogefrot op dat esou fir si an der Rei wier. Nujee, vläicht net grad esou, an et hätt ee bestëmmt bei der ITM en anert Gefier kënne kafen, dat „eppes manner deier“ gewiescht wier. Mee dat ass u sech och Luxprivat egal, hei geet dach just drëms fir Polemik ze suergen.

Do wou een dann awer schonn an de Beräich vun der (strofbarer) Ligen antrëtt, dat ass wann een ënnerstellt, datt de Chef vun der Aarbechtsinspektioun zwee Déngschtween hätt. Richteg ass dat net, mee dofir huet all Inspekter en Déngschtwon, an dee brauch deen och…

Hei dann och nach ze ënnerstellen, datt d‘ITM hätt missen dräi Gefierer verkafe fir finanziell an der Lag ze sinn sech „dee neien ze leeschten“, dat ass net nëmme „Brach erzielt“ mä beweist datt ee wéineg Anung huet an och den eegene Lieser net ganz eescht hëlt. Déi dräi Gefierer vun deenen sech d‘ITM getrennt huet waren iwwer zéng Joer al, mee dat just um Rand.

Et ass dann och nach ee frappante Beweis vun der Onkenntnis ze behaapten, datt den Akaf vum „neien Auto“ zu Laaschte vun de Besoine vun den ITM-Agente gaange wier. Fir jiddereen deen e Gefier fir seng Aarbecht brauch, ass och eent do. Dat war ëmmer esou, dat ass esou an dat wäert och wuel esou bleiwen.

Richteg domm gëtt et – well där Dommer déi alles gleewe wat an der „Zeitung“ steet huet et genuch – wann da vu Luxprivat behaapt gëtt, datt de Kaf vum Gefier net vun den entspriechenden Organer geneemegt gi wier. Wéi esou eppes iwwerhaapt soll goen, do huet sech dat investigatiivt Blat bewosst net derzou geäussert.

Dann ass et eventuell néideg drop hinzeweisen, datt en Inspekter dee Bereetschaftsdéngscht huet, säin Déngschtwon och mat Heem hëlt. Datt een als Inspekter vun der ITM eventuell och kéint déi aner Säit der Musel wunnen, well et méi „wirtschaftlech“ ass, sollt engem als Lëtzebuerger net nei sinn.

Wann een dann en Auto vun der Aarbechtsinspektioun bei engem Supermarché zu Tréier begéint, sollt een eventuell eng Kéier de Versuch maachen ze „Denken“, iert een Dommheete vu sech gëtt. Iwwerhaapt léisst et mech drun denken, datt der vill gutt dru géifen doen, sech ëm hir eege Féiss ze këmmeren.

Datt elo d‘ITM mëttels enger Plainte géint Luxprivat virgeet, do kann een näischt dergéint soen. Gutt elo ass mäi Geschreifs net dat wat ee „Kollegial“ ka nennen. Mee meng „Kollegen“ hunn eng Pressekaart, se iwwerpréiwen déi Informatiounen déi hinnen zougespillt ginn an se hunn villes néideg ausser ze léien.

Related topics Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsministère, ITM
Next post Previous post