Search

You may also like

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech
Meenung Neiegkeeten

Dem Kanner-Jugendtelefon säi Bilan 2020 – Ab muer och Chatberodung méiglech

1 1 6 1 1 1 – Dat ass d’Nummer,

Demokratescht Prosten op een neit Joer!
Meenung Neiegkeeten

Demokratescht Prosten op een neit Joer!

Och d’DP huet et sech net entgoe gelooss, fir zesumme

Schluss mat Atomwaffen – Symbolesch Garde um 13. Juni zu Büchel
Meenung Neiegkeeten

Schluss mat Atomwaffen – Symbolesch Garde um 13. Juni zu Büchel

Nodeems um 22. Januar 2021 den Atomwaffeverbuetsvertrag (TPNW) a Kraaft

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?

Editorial: Anti-Rassismus oder schonn Absurditéit?

Duerch d’Anti-Rassismus-Debatten ass grad a leschter Zäit eng richteg Juegd op Begrëffer an Nimm, déi an iergendenger Weis rassistesch kéinte sinn, an d’Rulle komm. Rassismus muss bekämpft ginn an et soll ee sech zur Wier setzen. Verschidde Moossname sinn awer einfach just absurd.

Mat Begrëffer wéi Mouerekapp, Thüringer oder Zigeinerzooss si mir opgewuess. Domat hu mir de Produit, an net en Afroamerikaner, e Bierger aus Thüringen oder e Sinti, respektiv Roma a Verbindung bruecht. Sprooch ka schnell zum Nierbuedem fir Rassismus ginn, an esou ass et och gutt, dass Nimm, Logoen a Biller iwwerduecht ginn.

An Zukunft benennt Knorr seng Zigeinerzooss an „Paprikasauce ungarischer Art“ ëm, Bahlsen dierf säi bronge Kichelchen net méi „Afrika“ nennen an och zu Köln gëtt diskutéiert, d’Mohrenstrasse zur Glinkastrasse ëmzebenennen, fir un de russesche Komponist z’erënneren. An dësem Kontext gëtt et eng flott Stellungnam vum Andrew Onuegbu, wou hien erkläert, wisou säi Restaurant „Zum Mohrenkopf“ säin Numm huet.

Ma, op der Juegd no Begrëffer a Biller, déi nëmmen déi klengste Grëtz vun enger rassistescher Konnotatioun enthale kéinten, gëtt oft net hannert d’Kulisse an d’Bedeitung gekuckt. „Dat ass einfach eng rassistesch Duerstellung“ gëtt da gesot, a mat dësem Argument muss ee jo bal gewannen.

Kucke mir eis de Fall vum Coburger Wopen un, dat aktuell an der Kritik steet, well et d’Profil vun enger „Person of color“ weist. Gewise gëtt, sou de Kulturwëssenschaftler Hubertus Habel, den Hellege Mauritius, ee chrëschtleche Legionär, dee fir säi Glawen higeriicht ginn ass. Am Mëttelalter goung een dovun aus, datt hien eng donkel Hautfaarf hat, wat dunn esou bäibehale ginn ass.

Ähnlech ass et beim Logo vun Uncle Ben’s. Ee sympathesche Mann, ee vertraut Gesiicht – Der Legend no soll hien en afroamerikanesche Räisbauer aus Texas gewiescht sinn, dee fir seng Qualitéit vum Räis bekannt ginn ass. Am Bild vum Uncle Ben stécht Geschicht an Traditioun. A wann een elo seet, datt dëse Logo dozou verleet un d’Aarbechter an Drëtt-Welt-Länner ze erënneren, déi fir een Hongerloun fir eist Iesse suergen, ass dat net de wierkleche Rassismus?

An engem Reportage vu PULS – engem jonke Programm vum Bayresche Rundfunk, deen ech normalerweis ëmmer gäre verfollegen – sollt drop opmierksam gemaach, wou sech Rassismus verstoppt a wéi een dogéint virgoe kann. Dobäi krut d’Journalistin Ari vun der Afrika-Wëssenschaftlerin Josephine Apraku ënnert anerem d’Aufgab, no Fairtrade-Produiten mat Ofbildunge vu Mënschen ze sichen. Natierlech waren do de peruanesche Kaffi-Produzent an den afrikanesche Schockela-Produzent op der Verpakung – si sinn nu emol déijéineg, déi un der Wuerzel vum Produit stinn, an ech fir mäin Deel fannen et schéin e Gesiicht zu engem Produit ze hunn, wat esou e wäite Wee hannert sech huet, dobäi och nach fair ass.

A Saache Kosmetik kann een de Begrëff „Blackfishing“ ervir hiewen. Dobäi gëtt duerch Make-Up, Solarium oder Tanning-Spray e méi donkelen Hauttoun kreéiert, duerch deen déi jeeweileg Persoun vläicht éischter als Latina oder „Woman of Color“ ugesi gëtt. Bei grousse Bekanntheete, wéi beispillsweis dem Ariana Grande, gëtt dës kulturell Uneegnung vu Kritiker als „Accessoire“ a „Verkafsschlager“ betitelt. Et géif een just d’Hautfaarf änneren fir Profit dorausser ze schloen. Datt d’Persoun sech selwer vläicht méi schéin esou fënnt a mir all e Recht op Selbstbestëmmung hunn, kann een do natierlech ignoréieren.

Wéi ee gesäit, muss een net akribesch an allem d’Ausgrenzung gesinn, mee et kann een och d’Diversitéit begréissen, déi mir hautdesdaags gebuede kréien. A wéi den däitsche Bundespresident Frank-Walter Steinmeier scho sot muss Antirassimus geléiert an ugëeegent ginn. Et geet ëm Géigepositiounen, Handelen, Kritik, Eegekritik a Selbstiwwerpréiwung.

Opmaacherbild © Kyle Johnson / Unsplash

Related topics Anti-Rassismus, Antirassismus, Blackfishing, Coburger Wopen, Diskriminatioun, Diskriminéirung, Frank Walter Steinmeier, George Floyd, Hellege Mauritius, PULS Reportage, Uncle Ben's
Next post Previous post